Den 112 mellt véier Accidenter e Freideg den Owend an an der Nuecht op e Samschdeg, bei deene Persoune blesséiert goufen.

Op der Escher A4 ware géint 18.30 Auer zwee Autoen anenee geknuppt, eng Persoun gouf blesséiert.

Zwee Blesséierter gouf et bei engem Accident mat zwee Autoen op der Nordstrooss géint 21.45 Auer. Een Auto war deem aneren op der A7 hannendrop gefuer. A béiden Autoe gouf eng Persoun blesséiert, déi duerno fir eng Kontroll an d'Spidol bruecht gi sinn. De Chauffeur, deen deem aneren Auto hannendrop gefuer war, hat ze vill gedronk. Him gouf de Fürerschäin ofgeholl.

Zu Diddeleng gouf eng Persoun blesséiert, wéi géint 00.30 Auer en Auto an e Potto gerannt ass.

Tëschent Rëmerschen a Schwéidsbeng hat en Auto sech op der N10 géint 01.40 Auer iwwerschloen. Och hei hat de Chauffeur ze déif an d'Glas kuckt. Hien huet d'Kontroll iwwert säin Auto verluer a koum vun der Strooss of, wou sech d'Gefier dunn iwwerschloen huet. Den Automobilist konnt nach selwer aus dem Won klammen a gouf sur Place medezinesch versuergt. Well säin Alkoholwäert ënnert 1,2% louch, konnt hie säi Fürerschäi behalen.