Déi benevole Mataarbechter organiséieren ewell Hëllefsconvoien, Sproochcoursen, Kanneraktivitéiten oder psychologesche Support fir geflüchte Landsleit.
An der aler Spillschoul am Rollengergronn huet d’ASBL LUkraine en Infozenter fir Flüchtlingsfamillen ageriicht. De Plang ass, fir aus dësem Infozenter eng Zort Guichet unique ze maachen. Den Ament schaffen déi Fräiwëlleg vun der ASBL LUkraine nach eleng hei, ma schonn déi nächst Woch kéinte si vu Gemengen- a Staatsbeamten a Mataarbechter vun de groussen Hëllefsorganisatiounen ënnerstëtzt ginn. Den Infozenter géing da méi en offizielle Charakter kréien.
Aktuell wieren iwwer 4.000 Flüchtlingen zu Lëtzebuerg ukomm. Iwwer Dausend Lëtzebuerger hu sech bis ewell bereet erkläert, fir Familljen doheem opzehuelen oder hinnen eng Wunneng zur Verfügung ze stellen.
