
De Service de Déminage vun der Arméi (SEDAL) gouf op d’Plaz geruff. Kuerz no 11 Auer huet den ACL gemellt, dass d’Streck tëscht Iermsdref a Suewelbuer nees op wier.
Wéi d’Police präziséiert, huet et sech ëm eng däitsch Artillerie-Granat gehandelt. Se gouf géint 10.40 Auer gesprengt, deen Ament gouf och e Sécherheetsperimeter vu 450 Meter ageriicht.
E Mëttwoch eréischt war am Tunnel Bierden eng Bomm aus dem 2. Weltkrich entdeckt ginn. Den Zuchtrafic huet an der Mëttesstonn missten op där Streck ënnerbrach ginn.