Rektifikatioun - net "Kiev"Déi nei N3 an der Stad kritt den Numm "Boulevard de Kyiv"

RTL Lëtzebuerg
Een Dag nodeems bekannt gouf, dass d'Stad e "Boulevard de Kiev" kritt, koum eng Rektifikatioun. Et heescht "Boulevard de Kyiv".
© Domingos Oliveira / RTL

Effektiv schreift sech d’Haaptstad vun der Ukrain zanter der Onofhängegkeet offiziell “Kyiv”.

Den neie Stroossennumm betrëfft déi nei N3, déi d’Gare duerch den Houwald mat der Gemeng Hesper wäert verbannen. Dëst gouf scho leschte Freideg am Schäfferot decidéiert a wier een “Symbol vun der Solidaritéit”. Esou soll d’Ënnerstëtzung vun der Stad Lëtzebuerg der ukrainescher Haaptstad an den ukrainesche Bierger géigeniwwer gewise ginn.

Den neien “Boulevard de Kyiv” soll vun 2023 als nei Entrée zu der Stad funktionéieren a soll virop de Verkéier aus der Stad a Richtung Süden nei organiséieren. Op enger gewësser Längt vum Boulevard de Kyiv wäert och den Tram laanschtfueren.

Back to Top
CIM LOGO