D'Reform géif déi ëmmer méi héich Loyerspräisser absolut net bremsen, am Géigendeel.

Méi Transparenz fir d'Präisser vun de Locatiounswunnengen, an allgemeng e bessere Schutz: dat soll d'Reform vum Bail-à Loyer-Gesetz mat sech bréngen, dat de Logementsminister Kox Ufank des Mounts virgestallt hat.

Dat Ganzt wier awer just eng Verpackung, déi géif täuschen, schreift d’ASBL Mieterschutz Lëtzebuerg an engem Communiqué vun e Méindeg den Owend.

D’Regierung wier sech der schwiereger Situatioun vu ville Locatairen anscheinend net bewosst, ass ze liesen.

D’Reform géif déi ëmmer méi deier Loyerspräisser a kengster Weis bremsen, am Géigendeel. A verschidde Fäll géif d’Limitte vum maximal-méigleche Loyerspräis souguer ferme an d’Luucht goen, gëtt mat Rechebeispiller ënnermauert.

Dofir misst de Logementsminister seng Reform onbedéngt nach emol iwwerschaffen, gëtt vun der ASBL gefuerdert.