De studéierte Philosoph a Physiker huet op der Uni München enseignéiert, ass Buchauteur, Vizepresident vum nationalen däitschen Ethikrot a war och politesch engagéiert als Kulturstaatsminister. De Spezialist a politescher Philosophie an ugewannter Ethik gehéiert zu de prominentsten däitschen Intellektuellen. D’Caroline Mart huet mat him iwwer Aktualitéitsfroen a Moral geschwat.