Am Laf vum Sonndegmëtteg hat et am Ganzen 3 Mol op eise Stroosse geknuppt.

Um 11.40 Auer war um CR375 tëscht Ierpeldeng a Wäicherdang en Auto an e Bam gerannt. D'Ambulanz vu Wolz war op der Plaz, fir sech ëm eng blesséiert Persoun ze këmmeren.

Kuerz virun 13 Auer war dann e Motcylist um CR322 tëscht Konstem a Kautebaach gefall. D'Ambulanz vun Housen war hei am Asaz. E weidere Motosfuerer war da knapps eng Stonn méi spéit um CR364 tëscht Beefort a Bäerdref gefall. Hei war d'Ambulanz vun Iechternach op der Plaz.