Qualitéitskontroll duerch "Alibi-Gremium"? Dat gesäit de Max Hahn anescht
Dat neit Gesetz iwwer de Fonctionnement vun den Alters- a Fleegeheemer ass iwwer de Knéi gebrach an net duerchduecht.
Déi Kritik formuléiert den Daachverband aus dem Secteur, COPAS. De Marc Fischbach mécht sech besonnesch Suergen iwwer déi permanent Kommissioun, déi eng gewëss Qualitéitskontroll soll assuréieren. Déi hätt awer keng Moyenen a géing riskéieren, zum Alibi-Gremium ze ginn.
Den neie Familljeminister Max Hahn gesäit dat anescht.
Déi Kritik vun der COPAS limitéiert sech op ee bis zwee Elementer, esou de Familljeminister am RTL-Interview. Dat géing weisen, datt ee sech beim neie Gesetz am grousse Ganzen eens wier.
Déi vill diskutéiert permanent Kommissioun wier net nei, mä kréich elo e legale Kader.
E wichtegt Organ, wat mat der Corona-Pandemie entstanen ass, sou de liberale Minister.
Et hätt ee Léiere gezunnaus der Corona-Zäit an aus Virfäll, ewéi dee mam franséische Fleegeheim-Bedreiwer Orpéa.
Ënnerschiddlech Fachleit aus dem ganze Secteur séizen an der genannter Kommissioun beieneen an et géing drëm goen, de Minister ze beroden. Ängschten, datt déi Kommissioun zäitlech kéint iwwerfuerdert sinn, wieren onberechtegt:
"D'Gesetz gesäit vir, datt se zu engem Projet d'établissement kéint en Avis ofginn. Dat ass am Sënn vun Transparenz. Et heescht "kéinten", et ass also keng Mussesaach."
Och Interessekonflikter géingen ausgeschloss ginn:
"E Règlement grand-ducal wäert definéieren, wien däerf an der Kommissioun sëtzen a wie sech bei verschiddenen Diskussioune muss enthalen oder net däerf dobäi sinn. Et wäert gekuckt ginn, datt do net ee Gestionnaire iwwer engem anere Gestionnaire säin Etablissementsprojet géing mat diskutéieren."
Hie géing op alle Fall eng absolut Plus-value an dëser Kommissioun gesinn. De Familljeminister seet weider, hie wier sech bewosst, datt d'Gestionnairë lo Aarbecht hätten, fir dëst Gesetz ëmzesetzen, déi eng méi, déi aner manner. Op alle Fall hätte si jo lo bis den 1. Februar Zäit, fir alles en place ze setzen.