E Méindeg de Moie war d'Situatioun an den Alters- a Fleegeheemer Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

De Secteur vun den Alters- a Fleegeheemer gëtt scho vun dräi verschiddenen Acteure kontrolléiert: Der CNS, der Administratioun, déi fir d'Kontroll zoustänneg ass, an dem Familljeministère.

Trotzdeem huet d'COPAS, den Daachverband vun de Prestatairen, d’Finalitéit vum neie Gesetz begréisst, well d’Qualitéit am Vierdergrond muss stoen.

Invité vun der Redaktioun: Marc Fischbach

Ma esou wéi den Text elo gestëmmt gouf, wier et net genuch duerchduecht. Dat sot de Marc Fischbach e Méindeg de Moien als eisen Invité vun der Redaktioun. Et wier "in extremis" nach virun der Summerpaus gestëmmt ginn, kritiséiert de COPAS-President. D'Ëmsetzung wier net machbar.

D'Gesetz, dat an der Chamber den 21. Juli 2023 gestëmmt gouf, trëtt nächst Joer a Kraaft a gesäit Qualitéitskontrollen an Alters- a Fleegeheemer vir, esou wéi och fir Dagesfoyeren oder Servicer, déi eeler Leit doheem betreien.

Et geet notamment drëms fir ze kucken, ob d'Leeschtungen, déi versprach ginn, och wierklech bei de Leit ukommen, oder nach ob d'Leit sech wuelfillen.

De President vun der COPAS, also dem Daachverband vun den Alters- a Fleegeheemer, huet och déi permanent Consultatiouns-Kommissioun kritiséiert. Déi Kommissioun wier komplett iwwerfuerdert, dat wéisst ee schonn am Viraus. Fir Leit, déi dat nieweberufflech maachen, wier déi Aufgab onméiglech ze bewältegen. D’Gefor wier grouss, dass et eng Alibi-Entitéit gëtt, wou de Ministère sech hannendru ka verstoppen.

De Marc Fischbach stéisst sech och un der Definitioun vu verschiddene Kontroll-Krittären. Eenzel Saache wieren einfach subjektiv, wéi d'Presentatioun vun de Platen, a kéinte kaum no fixe Standarde verglach ginn. E subjektive Qualitéitsverglach tëscht de Prestatairë misst op alle Fall verhënnert ginn. Dat géing déi allgemeng Kontroll vum Secteur och net weiderbréngen.

E weidert Thema am Interview war de Personalmanktem. D'COPAS fuerdert weiderhin en eenheetleche Kollektivvertrag fir de Fleegesecteur an d'Spidolswiesen, fir dass et ee Gehaltsniveau gëtt. "Wann een net méi Geld wëll ausginn, muss ee bannent där Enveloppe ëmverdeelen", esou de Marc Fischbach. Aktuell verdéngt zum Beispill eng Infirmière am Fleegesecteur 17 Prozent manner wéi eng Infirmière am Spidol, sot de COPAS-President. Ma dofir misst ee sech awer och beméien, dat Personal nozéien ze loossen, dat aktuell manner verdéngt.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.