Et handelt sech dobäi ëm ee politesche Choix, d'Installateuren wënschen sech iwwerdeems manner Bürokratie.

Nei ass d'Technik u sech net. Etabléiert huet se sech awer bei eis eréischt an de leschte Joren op Grond vu politeschen Decisiounen. An d'Evolutioun vun der Technik bréngt mat sech, datt ewell och Wärmepompelen bei der Renovatioun vu méi alen Haiser agebaut kënne ginn.

Themewoch "Klima a Mobilitéit": D'Wärmepompele ginn zum Standard
Wärmepompelen: Nei ass d'Technik u sech net. Etabléiert huet se sech awer bei eis eréischt an de leschte Joren op Grond vu politeschen Decisiounen.

"Déi mat Propan funktionéieren. Domadder kënne mer méi héich Temperature fueren. Dofir kënne mer Wärmepompelen och do asetzen, wou zum Beispill nach Heizunge sinn an d'Haus net super isoléiert ass", sou den Installateur Michel Reckinger.

Den Ament ass d'Installatioun nach méi deier, wei wann een zum Beispill eng Gas-Chaudière abaue géif. Déi staatlech Subventiounen droen awer derzou bäi, datt sech um Enn d'Rechnung ausgläicht. Iwwer e Joer gekuckt, ass d'Wärmepompel den Ament och nach net méi bëlleg wéi wann ee mat Mazout oder Gas hëtze géif. Nach net.

"Wat mer méi Erneierbarer do eran kréien, déi à long terme méi bëlleg wäerte ginn, wat de Stroum op mannst manner séier méi deier ginn, wéi déi zwou aner Ressourcen. Sou datt ech am Fong mengen, datt een an Zukunft wäert sécherlech mam Elektresch manner bezuelen, wéi mat Gas oder Mazout."

Hei wäert och nees emol déi politesch Weichestellung matspillen. Stéchwuert CO2-Taxen. Iwwerdeems d'Photovoltaik um eegenen Daach, mat där Stroum produzéiert ka ginn, subventionéiert gëtt. National a vun der EU.

D'Bürokratie, eng Hürde, déi awer nach fir vill Kappzerbrieches suergt.

"Mir hunn elo zwee Leit engagéiert déi näischt anescht maachen, wéi mat Gemengen a mat Instanzen ze kucken, fir d'Autorisatiounen ze kréien fir eng Wärmepompel, fir d'Autorisatioun ze kréien fir eng PV-Anlag. A fir duerno Aiden, Dossieren auszefëllen, déi vill ze vill grouss sinn, déi vill ze vill komplizéiert sinn. Ma et muss ebe gemaach ginn. Do wier eng Simplification administrtive absolut néideg. An och déi Autonomie communale an deenen dote Beräicher opzehalen an do eppes Konkretes fir dat ganzt Land ze maachen, wat iwwerall gëllt", sou de Michel Reckinger.