Vun en Donneschdeg u gëtt gestreikt, dat mellen d'Gewerkschaften OGBL an LCGB de Mëttwoch de Moien an engem gemeinsame Communiqué.

De Generaldirekter vun der Cargoairline, de Richard Forson, deen huet d’Fuerderunge vum LCGB a vum OGBL als "net raisonnabel" bezeechent. D’Gewerkschaften hunn dorops hi geäntwert: "Eis Fuerderunge si weder onrealistesch nach iwwerdriwwen!"

De Cargolux-Chef Richard Forson huet betount: D’Salariée goufe fir déi gutt Resultater belount. Mat Primmen vun 200.000 Euro Brutto pro Salarié déi lescht 3 Joer. D’Gewerkschaften äntweren: Et kann ee kee Lien maachen tëscht deene Primmen an der Fuerderung, fir d’Gehälter ëm 6% iwwer 4 Joer an d’Luucht ze schrauwen. De Paul de Araujo vum LCGB huet zouginn, datt d’Primmen héich sinn, mee déi wieren op eng "exzeptionell Situatioun wärend der Pandemie" zeréckzeféieren. Wärend Jore wiere keng Primmen ausbezuelt ginn an d’Lounerhéijungen iwwert Joren wiere "ganz moderat" gewiescht.

D’Zukunft vun der Cargolux wier och de Gewerkschafte wichteg, sou iwwerdeems d’Michelle Cloos vum OGBL. Mee et géing net duergoen an d’Flott z’investéieren, et misst een och attraktiv sinn fir Piloten a Buedempersonal ze fannen. Si huet op d’Ausland higewisen, wou bei aneren Airlines d’Lounerhéijungen an der Lescht dacks am zweestellege Beräich gewiescht wieren. 6% op 4 Joer wier deemno net deraisonnabel, sou d’Gewerkschaften. D’Propos vu 5% op 5 Joer, déi de Richard Forson gemaach huet, hätte se och ni schrëftlech kritt.

Cargolux/Reportage Fränz Aulner

De Streik wäert d'Cargolux eppes kaschten a wäert och hirem Ruff an der Relatioun mat de Clienten schueden, huet de Richard Forson bedauert. D’Michelle Cloos vum OGBL seet, de Generaldirekter wier Schold.

Bleift d’Cargolux-Direktioun iwwer Nuecht op hire Positiounen, dann ass um Donneschdeg den éischten Dag vum éischte Streik bei der Cargolux.