D’Bronze-Skulptur soll elo a Frankräich vu franséische Restaurateuren nees an d’Rei gesat ginn. D’Ateliers Saint-Jacques & Fonderie de Courbertin si spezialiséiert op grouss Skulpturen, aus hirem Atelier kënnt och d’Monument vun der Grande-Duchesse Charlotte op der Place Clairefontaine. D’Aarbechten um Sprangbuer wäerte ronn zwee Méint daueren.
Zenter méi wéi 40 Joer steet d’Skulptur elo op hirer Plaz. Déi lescht zwee Joer ass kee Waasser méi aus den Instrumenter gespruddelt. D’Zäit huet um Wil Lofy senger Hämmelsmarsch-Skulptur hir Spueren hannerlooss.
Dem Wil Lofy seng Skulptur gouf den 21. August 1982 fir d’Ouverture vun der 642 Schueberfouer ageweit. Ee Joer hunn d’Aarbechten un der Skulptur gedauert, d’Bronze ass zu Pietrasanta am Norde vun der Toskana gegoss ginn. Den Artist huet sech an der Skulptur veréiwegt: De Museker mam Akkordeon, dat ass de Wil Lofy.
Nieft der Pirateschëff-Spillplaz am Stater Park gehéiert d’Hämmelsmarsch-Skulptur an der Groussgaass wuel zu de bekanntste Wierker vum Lëtzebuerger Kënschtler, deen 2021 verstuerwen ass.