Zwee Chef de Servicë goufe wéinst Faute Grave entlooss, wéi mir op Nofro vum Gestionaire Servior confirméiert kruten.

Doropshin hätt den Direkter vun der Struktur Bernard Braun decidéiert, seng Pensioun, déi fir ugangs d'nächst Joer geplangt war, virzezéien. Esou kéint den neien Direkter seng Ekipp selwer nei zesummestellen.

De Raymond Coenen, dee virdrun Direkter vun enger Struktur zu Dikrech war, ass deemno elo schonn um Posten als Chargé de Direction. Dat wier och scho virdru geplangt gewiescht. D’Pensionären an d’Mataarbechter wieren d’lescht Woch en Donneschdeg an d’Famille leschte Freideg an aller Transparenz iwwert de Wiessel informéiert ginn.

Dat géing elo säin normale Wee goen, heescht et op Nofro, méi kéint een zu deem Fall aus Dateschutzgrënn net soen.