Wann d’Koalitioun wiesselt, dréit d’Karussell vun den héije Beamten. Dat hunn d’Erfarunge vun 2013 gewisen.

Wann zu Senneng alles riicht räisst bei de Koalitiounsverhandlungen, da bleift d’DP an der Regierung. Et ass awer net gesot, datt si déi nämmlecht Ressorte kritt, wéi an der blo-rout-grénger Regierung, woubäi an den Departementer, déi aktuell nach vun der DP gefouert ginn, déi meeschte Regierungsberoder schaffen. Am Ganze sinn et der 35, queesch duerch de Gaart vu Premiers Conseillers, iwwer Conseillers 1ière classe bis zu den "normale" Conseilleren.

Beamten DP / Reportage Michèle Sinner

Wéi et mat de Beamte ka goen, wann d’Ressorte wiesselen, weist d’Beispill vum Marc Hansen senge Beroder, déi hie bei Regierungsëmbildunge vun engem Ressort an deen aner matgeholl huet. Dozou gehéieren de Luc Schockmel aus dem DP-Bezierk Norden, deen zum Marc Hansen senger Zäit als Useldenger Schäffen do Gemengesekretär war. Wéi de Marc Hansen Staatssekretär fir Héichschoul a Fuerschung gouf, huet hien de Luc Schockmel als Conseiller de gouvernement an dee Ministère genannt.

No de Walen 2018 blouf dee Ministère ganz an der Hand vum Claude Meisch. De Marc Hansen gouf delegéierte Minister fir d’Digitaliséierung an huet de Luc Schockmel, antëscht Conseiller der gouvernement 1ière classe, mat an dat Departement geholl.

De Marc Hansen huet seng Conseilleren matgeholl


De Gaston Schmit, Comités-Member bei der DP Jonglënster, war zwar zanter 1999 bei der Ëmweltverwaltung an als Ingenieur fir d’Établissements classés zoustänneg. 2014 gouf hien do, wéi säi Linkedin-Profil renseignéiert, esouguer Directeur adjoint. Ma och hie gouf als éischt als Premier Conseiller an den Héichschoulministère genannt an ass no de Walen 2018 an d’Digitaliséierung geplënnert.

RTL

An de Regierungsdepartementer, déi d'DP dirigéiert, ginn et alles an allem déi meescht Regierungsberoder, zéng méi wéi an deene "gréngen". / © RTL-Grafik

Änlech huet och de Jean-Paul Marc mam Marc Hansen de Ressort gewiesselt. D’Nominatioun vum fréieren Immobilienagent als Premier Conseiller an de Logementsministère, wou de Marc Hansen als éischt Staatssekretär an du Minister war, hat 2015 fir Opreegung gesuergt. No de Walen 2018 huet de Marc Hansen de Logementsministère un déi Gréng ofginn an de Jean-Paul Marc ass elo Premier Conseiller an der Fonction publique. Si hu sech ënnert anerem vun RTL kannt, wou de Marc Hansen Journalist war, an de Jean-Paul Marc reegelméissege Mataarbechter bei ekonomesche Sendunge war.

Déi fréier RTL-Journaliste Joëlle Hengen, déi bei de Walen 2013 fir d’DP ugetrueden, mee net gewielt gi war, ass zanter Ufank 2018 Conseiller de gouvernement, an zwar am Landwirtschaftsministère, wou si ugefaangen hat, fir fir den deemolegen DP-Minister Fernand Etgen Minister d’Communicatioun ze maachen.

Och d’DP huet vill an hirer Fraktioun rekrutéiert



Déi demokratesch Ministeren hunn, wéi déi vun anere Parteien och, Leit aus hirer Fraktioun zu hire Beroder nominéiert. De Claude Meisch huet sech an der Educatioun de fréiere Fraktiounsmataarbechter Lex Folscheid als Premier Conseiller a Chef de cabinet u seng Säit geholl. Woubäi de Claude Meisch esou wuel an der Educatioun wéi an der Héichschoul och Leit mat Erfarung an hire Secteuren op Conseillersposte nominéiert huet. Ma mat senge Ressorte vun der Educatioun iwwert d’Enfance, d’Jugend bis bei d’Héichschoul huet de Claude Meisch e groussen Apparat kontrolléiert an ausgebaut.

No de Walen huet hie verschidde Ressorte vun der Kultur iwwerholl an domat och de Max Theis, fréieren RTL-Journalist, ouni Parteikaart, deen do ënnert der Maggy Nagel als éischt Conseiller de gouvernement Adjoint gi war. An deem Apparat huet hien och de fréiere Chefredakter vun der DP-Zeitung, de Claude Karger opgeholl, nodeems d’Zeitung sech nei erfonnt huet. Ënnert dem Claude Meisch ass awer zum Beispill och de Script op eng Verwaltung vun iwwer 130 Leit gewuess, bei deenen op mannst dem Annuaire no, net ganz kloer ass, wat hir Aufgabe sinn.

Déi fréier Familljeministerin Corinne Cahen huet mam Dan Theisen e Premier Conseiller net just aus der DP-Fraktioun rekrutéiert. D’Stéphanie Goerens, déi schonn 2017 fir d’Stater DP mat an d’Wale gaangen ass, gouf bei hir vun der Kommunikatioun bis zur Conseiller de gouvernement 1ière classe a Responsabel fir d’Solidaritéit promovéiert.
Eng aner prominent Besetzung vun der Corinne Cahen – wann och net politesch- war déi vum Yves Piron un der Spëtzt vum Olai, elo den Office national de l’acceuil (Ona). Hien war Direkter vun der Stater Union Commerciale, wéi si Presidentin war, a si sinn do gutt matenee gefuer. Ma an der zweeter Besetzung vu Blo-Rout-Gréng huet si de Ressort Acceuil bei den Immigratiounsminister Jean Asselborn ofginn, deen dëser Deeg jo erkläert huet, d’Strukture fir d’Demandeurs de protection internationale wiere bal voll.

Nees aus der Fraktioun kënnt awer dem Mëttelstands- an Tourismusminister Lex Delles seng éischt Regierungsberoderin Françoise Schlink. Bei him ass elo och d’Liz Thielen Regierungsberoderin, déi virdru fir de Xavier Bettel Presseaarbecht am Staatsministère gemaach huet, a keng Parteikaart huet.

E Maximum u Conseilleren am Staatsministère

De Xavier Bettel huet am Staatsministère mat aacht Stéck – toutes catégories confondues - déi meeschte Regierungsberoder vun alle Ministèren. Allerdéngs ass vun hinne just de Jeff Feller, Chef de Cabinet, e politesche Rekrutement. De Jeff Feller kënnt ursprénglech vun der DP Norden an huet an der Fraktioun geschafft, ier hien de viregte Beroder vum Premier, de Paul Konsbruck, ersat huet. De Paul Konsbruck, fréiere Chefredakter vun Eldoradio, ass virun zwee Joer aus dem Staatsministère zréck an d’Privatwirtschaft gaangen. Hien hat keng Parteikaart bei der DP, mee war mol als jonke Grénge mat an d’Wale gaangen.

RTL

Am Staatsministère vum Xavier Bettel sinn déi meescht Regierungsberoder aktiv. Ma an der Ekonomie gëtt et déi héchste Concentration vu Premiers Conseillers. / © RTL-Grafik

Nei Leit aus der Privatwirtschaft

An de Finanzen hat de fréiere Minister Pierre Gramegna ee Moment esou gutt ënner de Beroder vu sengem Virgänger Luc Frieden opgeraumt, datt méi Leit gaange waren, wéi vun der Purge viséiert waren – dorënner de Georges Heinrich, fréieren Direkter vum Trésor. De Pierre Gramegna, selwer vun der DP an der Chambre de Commerce fir de Ministerposte rekrutéiert, huet amplaz aus der Partei méi am Privatsecteur rekrutéiert.

Dozou gehéieren den aktuellen Direkter vum Trésor, de Bob Kieffer, dee bei der BGL geschafft huet. De Carlo Fassbinder, Conseiller de gouvernement 1ière classe a responsabel fir d’Steierpolitik, kënnt vun der nämmlechter Bank. Den Tom Theobald, Beroder am nämmlechte Rang, dee fir d’Finanzplaz zoustänneg ass, war virdru bei Luxembourg for Finance an der ABBL. An de Christophe Zeeb, och e Conseiller de gouvernement 1ière classe, deen relativ séier op d’Banque européenne de réconstruction et de développement (Berd) zu London geschéckt gouf, koum wéi de Minister selwer aus der Chambre de Commerce.