102 Kontrollen am Schéinheetssecteur uechtert d'Land

© pexels.com / RDNE Stock project
De Konsumenteschutzministère huet eng Partie Etablissementer am Schéinheetssecteur kontrolléiert.
Dat tëscht Februar an Oktober. Ënnert den 102 Etablissementer, déi kontrolléiert goufen, waren ënner anerem Coifferen, Schéinheets-Salonen, Parfumerien an och Tattoo-Studioen
Festgestallt goufe Verstéiss beim Affichage vun de Präisser, fir Produiten, déi verkaaft, a Servicer, déi ugebuede ginn.
Bei dëser éischter Kontroll gëtt net sanktionéiert. De Ministère huet de verschiddenen Etablissementer awer gehollef, konform ze ginn. Déi Concernéiert hätte sech och ganz kooperativ gewisen.
Dernieft si Formatiounen a weider Sensibiliséierungsaarbecht mat de Responsabelen aus dem Secteur geplangt. Et wäerten awer och weider Kontrolle ginn. Verstéiss, déi da festgestallt ginn, kënne mat Amendë vu maximal 2.000 Euro bestrooft ginn.