Wéi kréie mir méi Gréngs an eis Stied an Dierfer? Dat huet sech d'Mamer Sektioun vun natur&ëmwelt gefrot.

Doropshi gouf zesumme mam Klimaforum op en Informatiounsowend invitéiert. Niewent Greenpeace waren et Spezialiste vun natur&ëmwelt a vum Planungsbüro Schroeder & Associés, déi Äntwerte ginn hunn. Ënnert dem Stréch kann ee festhalen, dass et an der Planung vu Stied eng ganz Rei gutt Usätz gëtt, fir de Liewensraum vum Mënsch mat deem vun Natur an Déierewelt ze kombinéieren. A Wierklechkeet feelt et awer ëmmer nach u Asaz vu Säite vun de politesch Responsabelen an de Bierger.

Eng gréng Stadplanung ass absolut dran, seet den Expert an dësem Beräich. An de PAGe géif een dat ëmmer méi gesinn. Awer natierlech ëmmer am Respekt vun de Gesetzer. D'Bierger hunn allerdengs dacks d'Impressioun, Bam, Heck a Blumm géifen als "éischter lästeg" Elementer op ëffentleche Plaze stoen. Stéchwuert Knuedler, Place de d'Europe…

Ganz wichteg ass e Konzept, an deem de Liewensraum vum Mënsch mat deem vun der Fauna verschmëlzt

Keng Trennung, mee Vernetzung also. Schroeder an Associés hunn dat gewisen, wat een an eise Stied an Dierfer kaum bis guer net gesäit: Planzen un der Fassad an um Daach. Gemengerhand sinn déi Straicher éischter schlecht drun, well kee sech këmmert.

Wat an der Theorie gutt kléngt, op Pläng gutt ausgesäit, ass ouni de Mënsch awer net ëmzesetzen. Méi Gréngs an eise Stied soll jo eigentlech net just dem A eppes bréngen, mee och der Natur, der Biodiversitéit eng Chance ginn. Insekten a Villercher brauche keng exotesch Zierplanzen ouni Bléien, mee Gréngs vun hei. A scho guer keng Beem, déi mat Spotten ausgestraalt ginn, soubal et däischter ass. Liichtverschmotzung schued Fauna a Flora. Mee gebaut gëtt fir de Mënsch, an hei passt dacks d'Wuert "NIMBY".

Grouss gliese Fläche si Gëft fir d'Vullewelt. Nieft Fënstere sinn et virun allem Balconen, an déi se draknuppen. Een Abzebild dropgepecht, dat géing do net méi duer.

Ëmsou méi freeën d'Ornithologe sech iwwer vullefrëndlech Projeten: Baue mat extra Zillen…

Wann d'Vullepopulatioun an de Stied erofgeet, wier d'Situatioun um Land nach méi dramatesch. Eng Zort léisst sech awer net ganz verdreiwen: d'Märeler Kréie-Kolonie huet ee vläicht aus dëser Strooss ewechkritt, mee dofir net aus der Stad. Vläicht misst d'Politik och emol ufänken, mam gudde Beispill virzegoen an op d'Spezialiste vun natur&ëmwelt ze lauschteren, am Interessi vun der Natur.