Um Nationalkongress vun der CSV zu Hesper ass de Kandidat fir d'Parteipresidence Luc Frieden op déi éischt Méint vun der Regierungsparticipatioun agaangen.

Déi nei Parteispëtzt setzt sech zesummen aus méi erfuerenen a méi jonke Politiker, an allkéiers engem Duo an der Vizepresidence an am Generalsekretariat. De Luc Frieden krut 96,25% vun de Stëmmen um Kongress. D'Martine Hansen ass mat 95,76 an de Christian Weis mat 97,29% gewielt ginn.

Um Nationalkongress ass de Luc Frieden op déi éischt Méint vun der Regierungsparticipatioun agaangen. Duerch hire kollektiven Effort an e klore Programm hätt een als Partei no 10 Joer Oppositioun villes erreecht. D'Ëmsetze vun den 10 Punkte wier natierlech net ofgeschloss, mee et hätt een éischt Akzenter gesat, zum Beispill: en direkt Erofsetze vun de Steieren, e méi séiert an onkomplizéiert Bauen. Ëmwelt- a Landwirtschaftspolitik géife pragmatesch zesummeschaffen.

Von der Leyen adresséiert sech u Lëtzebuerg a Frieden

D'Europawale wieren eng Chance, der EVP de Réck ze stäipen, well nëmme mat Europa géing een der weltpolitescher Entwécklung d'Stier bidden, sou d'Kommissiounspresidentin Von der Leyen an hirem Message. Europa bréicht chrëschtlech sozial Wäerter.

"D'EU muss oprüsten !"

D'CSV wier d'Europapartei par excellence, hätt Europa an hirer DNA. Als Gaascht huet den Europadeputéierten a Spëtzekandidat vun der CDU Hessen, Sven Simon, geschwat. Eng staark Stëmm aus Lëtzebuerg wier wichteg fir d'EVP a fir Europa. Gi mer an Zukunft "fremdbestimmt" vu Moskau, Delhi a Peking? Wëllen oder kënnen d'USA d'Roll vum Weltpolizist net méi iwwerhuelen? Mir bräichten dofir eng siichtbar "Rüstungspolitik", sou de Sven Simon, eng richteg "Verteidigungsunion".

RTL

© Monique Kater

"Mir sinn erëm do!"

Der CSV hire Comeback wier um richtege Wee, mengt de Marc Spautz, Fraktiounschef. Et géif net nëmmen no der Ekonomie, mee och nom Soziale gekuckt, wéi een am Budget geséich: 47% wieren Depensen a genee dësem Beräich; ze behaapten d'CSV wier géint dat Soziaalt, wier falsch.

D'Oppositioun géif net d'Wouerecht soen, wa behaapt géif, et hätt een näischt gemaach: bei de Steieren, am Logement wier scho gehandelt ginn – et géing zum Beispill och gekuckt, dass am Bau d'Aarbechtsplaze bleiwen.

Wat d'Kriticken am Gesondheetsberäich ugeet, hätt hien no 130 Deeg an der Regierung d'Gefill, an engem surreale Film ze sinn, sou de Fraktiounspresident.

Bei der Ausso, d'Regierung wier eng reaktionär, géif engem de Kabel aus der Mutz fueren.

D'Behaaptunge vun der Oppositioun géingen dozou féieren, dass d'Politik net méi seriö geholl géif, sou de Marc Spautz.