D'Beamte vun der Police haten e Samschdeg direkt mat e puer Leit ze dinn, déi randaléiert hunn. Och konnt en Abriecher gepëtzt ginn.

Wéi d'Police matdeelt, ass e Samschdegmoien an der Escher Strooss zu Gaasperech an enger Wunneng agebrach ginn. Den Abriecher ass awer vun der Persoun, déi an där Wunneng lieft, iwwerrascht ginn an huet sech duerch d'Bascht gemaach. D'Police konnt de Mann awer kuerz drop pëtzen. Hie koum e Sonndeg de Moie virun den Untersuchungsriichter a sëtzt elo bis op Weideres am Prisong.

E Samschdeg am Laf vum Mëtteg haten d'Beamten dann och mat verschiddene Persounen ze dinn, déi schonn däitlech ze déif an d'Glas gekuckt haten. Ee Fall gouf et um 15 Auer zu Bouneweg, wéi e Mann aner Passagéier an engem Bus belästegt huet. Op engem Arrêt gouf hien du vun de Polizisten empfaangen an op de Policebüro bruecht. Hei duerft hie säi Rausch ausschlofen.

Eng Stonn méi spéit goufe Béierfläschen an engem Buttek zu Iechternach geklaut. Den Täter konnt e bësse méi spéit op der Busgare ugetraff ginn. Hie koum mat op de Büro, fir seng Personalie festzestellen an hei konnt hie sech och ausrouen, bis den Alkoholpeegel nees gefall war.

De Polizisten hir Kolleege vu Beetebuerg haten dann och mat enger Persoun, déi gedronk a randaléiert huet, ze dinn, dat op der Gare zu Beetebuerg. Déi genannte Persoun huet et awer net dobäi belooss, mä huet Mataarbechter vun den CFL kierperlech attackéiert, déi hien op säi Behuelen ugeschwat haten. Dono huet hien d'Gare verlooss, konnt awer méi spéit vun enger Policepatrull ugetraff ginn. Déi ganz Affär gouf protokolléiert.

Méi Persounen, déi eng hefteg Diskussioun mateneen haten, sinn enger Patrull e Samschdeg den Owend am Garer Quartier an der Stad opgefall. Wéi d'Beamten d'Situatioun kläre wollten, huet eng vun de Persounen eng voll Béierdous a Richtung Déngschtauto geheit an d'Bäifuererdier getraff. Dat huet dozou gefouert, datt dës Persoun duerft am Won Plaz huelen a mat op de Policebüro huet musse kommen. Do gouf festgestallt, datt dës Persoun vun den Autoritéite gesicht gouf. Nodeems de Mann dunn d'Nuecht am Passagearrest verbruecht huet, gouf hien an de Centre de Rétention bruecht.