Um Kuebebierg, just nieft dem Gebai vun RTL um Kierchbierg, soll jo eng nei Uertschaft an der Stad entstoen, mat ronn 3.000 Wunnengen.

Dat wier da fir geschate 7.500 Leit. E Kompromëss tëscht vill Wunnengen an Naturschutz. D'Aarbechten hunn nach net ugefaangen, eng Rei Prozeduren an technesch Preparatioune stinn nach un. De Fonds du Kirchberg, de Mobilitéits- a Bauteministère an d'Ville de Luxembourg hunn awer um Dënschdeg schonn op eng éischt Visitt an en éischte Spuedestéch op d'Felder um Kuebebierg invitéiert.

Kuebebierg - E Reportage vum François Aulner

Et war eng Safari à la luxembourgeoise: mat Mini-Busser op Feldweeër, wou nach bis viru kuerzem Bauere geplout hunn. Op der Safari um Kuebebierg waren ausser puer Kueben en Dënschdeg keng Déieren ze gesinn.

Nee? Ah dach! Politesch Déieren, dorënner souguer den "Tiger" (Spëtznumm vum Fernand Etgen). Dann d'Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer, d'Stater Schäffe Cahen a Bauer an d'Mobilitéits- a Bauteministesch Yuriko Backes. Si huet de komeschen Déiere vun der Press de Projet um Kuebebierg als "Megaprojet" beschriwwen, wou d'Natur mat engem Mobilitéits- an Energiekonzept architektonesch verbonne gëtt mat der Infrastruktur fir 3.000 Wunnengen.

D'Politiker hunn um Dënschdeg de Moien och de Spuet an de Grapp geholl, fir ee vun den 130 Beem ze planzen, vun enger "ferme urbaine", engem urbane Bauerenhaff, wou zwar rëm keng Déiere wäerte sinn. Mee wat trotzdeem weist, datt beim Projet um Kuebebierg als éischt un d'Natur geduecht gouf a gëtt.

Déi aner Etapp vun der Safari um Kuebebierg war fir d'Buerungen ze kucken, déi aktuell gemaach ginn. Jo, Gasleitunge si Passé - bis rezent gouf iwwert eng nei Co-Generatiounszentral nogeduecht, mee elo soll Geothermie Hëtzt aus dem Buedem liwweren. Fir Eefamilljenhaiser, mee och Tierm.

An de Präis? Den Direkter vum Fonds du Kirchberg, de Marc Widong huet erkläert, datt 30 Prozent vun de Wunnengen abordabel Wunnenge vum Logementsministère wäerte sinn, a 40 Prozent abordabel Wunnenge vum Fonds du Kirchberg. Also wäerte just 30 Prozent vun de Wunnengen um fräie Marché sinn.

D'Lydie Polfer hofft, datt de spezielle Bebauungsplang (PAP) Enn dës Joers, Ufanks 25, duerch de Gemengerot geet. D'Stater Buergermeeschtesch rechent och net mat all ze vill Problemer oder Reklamatiounen, ewéi et bei anere Projete Mol gëtt. Well den Terrain gehéiert ganz dem Fonds du Kirchberg an dat géing och – duerch d'Emphytheose – laangfristeg esou bleiwen.

*An enger éischter Versioun vum Artikel hu mir de Fernand Etgen als President vun der Chamber Mobilitéits- a Bautekommissioun uginn, mee hien ass just Member vun där Kommissioun. Presidentin ass d'Corinne Cahen.