Bis 2035 entsteet hanner dem RTL-Gebai e fuschneie Quartier. "Kuebebierg" genannt.

Als éischt gëtt den neie Lycée gebaut. De Michel Lucius. D'Schoul plënnert 2028 vum Lampertsbierg op de Kierchbierg. De Fong këmmert sech em de Bau vun de Stroossen an den Uschlëss.

7.000 Awunner zielt spéider den neie Quartier. Abordabele Wunnraum soll geschafe ginn. Geplangt si ronn 2.500 Logementer.

Sou kéint an 10 Joer den neie Quartier mam Numm "Kuebebierg" ausgesinn. 33 Hektar grouss ass den Terrain. Am Ganze wäerte spéider eng 27.500 Mënschen um Kierchbierg wunnen.

Wie reegelméisseg iwwer de Boulevard Pierre Frieden fiert, gesäit wei dëse sech verännert. E gëtt méi breet ugeluecht, well spéider och den Tram wäert hei derduerch fueren. Eng Luuchte-Kräizung soll dofir suergen, dass keen Hick am Trafic entsteet.

An de leschte Woche gouf laanscht de Gréngewald schonn en neie Wee ugeluecht. Dëst ass eng Kompensatiounsmesure, well de Boulevard Pierre Frieden méi breet gemaach gëtt an dowéinst en Deel Gréngs ewechfält.

An den nächsten 10 Joer changéiert de Kierchbierg also gewalteg säi Look.