Eng 3.100 Wunnenge fir ronn 7.000 Leit, dat ganzt op 33 Hektar – dat ass de Kuebebierg vu muer.

D’Areal um Kierchbierg grenzt un de Gréngewald an un d'Naturschutzgebitt Kuebebierg, déi alle béid national wäertvoll Schutzzone sinn. D'Awunner vum Kuebebierg sollen an Zukunft a Symbios mat hirer Ëmwelt liewen a wat d'Entwécklung vum Quartier ugeet, géif ee sech den Erausfuerderungen a Saache Protektioun vun der Natur stellen, heescht et beim Fonds Kirchberg. Als éischt visibel Mesure an déi Richtung, huet de Proprietär a Bauhär elo eng 130 Beem geplanzt.

"Une Ville urbaine, en pleine nature"

De Kuebebierg gëtt net just en neie Quartier, mee quasi eng nei Stad an der Haaptstad - Dat ass d’Visioun fir de Kuebebierg an e puer Joerzéngten. D'Méiglechkeete vum PAG ginn um Kierchbierg maximal a bis un d'Grenz vum Stater Bauperimeter ausgereizt. Déi massiv Urbaniséierungen erhéijen natierlech den Drock op d'Natur an op d'Schutzgebidder Kuebebierg a Gréngewald enorm.

De Marc Widong, Direkter vum Fonds Kirchberg, deemno anengems Proprietär a Bauhär vum Kuebebierg, ass sech dees bewosst a léisst dofir zum Beispill och scho Beem planzen. Fir d'Natur also a fir d'LUGA, mat där een hei zesumme géing schaffen.

129 Beem goufen an de leschte Woche gesat. Et géing ee spéider bis op 180 eropgoen, erkläert d'Monika Malikova, responsabel fir Landschaftsgestaltung beim Fong. Nach wierken d'Wanter-Lannen oder d'libanesesch Zederen am Verglach zu de 7.000 Awunner a bal 3.000 Lycéesschüler wéi e Witz, mee et dauert jo nach, bis déi éischt Kuebebierger hir Wallissen auspaken. A bis da si se gewuess, villäicht och déi friem Zorten, déi op hir Kompatibilitéit mam "Kuebeklima" getest ginn. Hënnere géif, wann de Chantier bis uleeft, kee Bam. Géifen der missen erausgeholl ginn, wier dat eng Exceptioun.

Déi sougenannt zone récréative soll den Awunner an Zukunft genuch Natur bidden, fir dass et keng – nenne mer et "Invasioun" op d'Schutzzone gëtt. Déi gëtt awer op enger Plaz duerch d'Bréck fir den Tram impaktéiert.

Dem Fong seng Missioun ass déi baulech Entwécklung vum Kierchbierg – am komplette Respekt vun der Natur, sou d'Verspriechen.

RTL