De fréiere President vun der Police-Gewerkschaft wier net d'accord domat, wéi den Inneminister mat Theeme wéi der Police oder dem Heescheverbuet ëmgeet.

De Pascal Ricquier huet seng CSV-Kaart ofginn, dat schreift d'Tageblatt. De fréiere President vun der Police-Gewerkschaft SNPGL huet erkläert, dass et Differenzen tëscht dem Léon Gloden an him gouf, iwwer d'Aart a Weis, wéi d'Police sech organiséiere soll.

De Pascal Ricquer erkläert, hien hätt sollen de politesche Beroder zu den Theme Police, Arméi an ëffentlechen Déngscht sinn. Meenungsverschiddenheete mam Inneminister hätt et zum Beispill beim Thema Gemenge-Police a beim Heescheverbuet ginn. Ma dat wier net den eenzege Grond, allgemeng wier hie mat der Linn vun der CSV par rapport zu der Police net d'accord gewiescht. Ob de Pascal Ricquier zeréck bei d'Police-Gewerkschaft geet, léisst hien op.