De Pascal Ricquier kritiséiert d'CSV fir de Traitement him géigeniwwer, souwéi d'Virgoensweis vum Policeminister Gloden géint d'organiséiert Heescherei.

D'politesch Karriär vum Pascal Ricquier war nawell kuerz. Zejoert hat d'CSV de fréiere President vun der Policegewerkschaft fir d'Süd-Lëscht rekrutéiert. De Sprong an d'Parlament war net gegléckt. Lo dréit de Pascal Ricquier der Partei de Réck a weist mam Fanger op de Léon Gloden an op deem seng Politik.
De Pit Everling huet mam Concernéierte geschwat.

Demissioun Pascal Ricquier / Reportage Pit Everling

Versprieche wieren net agehale ginn, sou de Pascal Ricquier. Him no gouf et virun de Walen en "Deal", datt hie Conseiller de Gouvernement kéint ginn am Fall vun enger Regierungsbedeelegung. Dat an de Beräicher Police oder Arméi. Ma de Léon Gloden hat de Pascal Ricquier net um Ziedel.

"Den Här Gloden huet mer och kloer gesot: 'Ech wousst näischt vun deem Ganzen an ech hu souwisou net gutt fonnt, dass du iwwerhaapt mat an d'Wale gaange bass.' Ech muss soen 'all Respekt', dat war natierlech och e Schlag an d'Gesiicht fir mech."

Ma elo wier hie frou, datt hien net consideréiert gi wier, sou de fréiere Gewerkschaftler. Hie kéint d'Politik vum neie Policeminister nämlech net matdroen. Deen hätt op kee Fall mat sou engem negativen Dossier dierften ufänken.

Prinzipiell ass de Pascal Ricquier zwar der Meenung, datt eppes géint d'organiséiert Heescherei muss gemaach ginn. Allerdéngs géing de Léon Gloden Kompetenzen iwwerschreiden. Déi néideg Rechtssécherheet wier net do. De Minister wier responsabel fir eng schlecht praktesch Ëmsetzung, mat Finanzexperte vun der Police judiciare a mat Polizisten aus dem ganze Land, déi an de Stater Stroosse géinge patrulléieren.

"An dat war nëmmen, fir de Leit dobaussen ze weisen, 'hei et sinn elo Tonne Polizisten op der Strooss fir Preventioun ze maachen.' Et muss ee just elo soen: 'Wat huet et bruecht?' Guer näischt."

Eng Gemengepolice kéint net funktionéieren, well domat eng politesch Police géing entstoen. Sou eng Entitéit misst weider der Police ënnerstoen. Och d'Renaissance vum Bewäertungssystem bei der Arméi ass dem Pascal Ricquier en Dar am Aen.

Vun der CSV ass de Süd-Kandidat vun zejoert enttäuscht, och no senger Demissioun aus der Partei. "Bis haut huet keen ee vun der CSV sech bei mir gemellt. Keen een."

De pensionéierte Polizist schléisst e Retour bei d'Gewerkschaft net aus. Dat géing och e bësse vun der Aarbecht vum Policeminister Gloden ofhänken.

"No comment", sou reagéieren iwwregens de Minister Léon Gloden an de fréiere Parteipresident Claude Wiseler an dësem Dossier.