"Ob reliéis oder net, fir eng besser Welt"

© RTL
E Samschdeg war de Optakt vun der Muttergottes-Oktav. Bis de 5. Mee wäerten déi Gleeweg vu Lëtzebuerg a vun hannert der Grenz an d'Stad pilgeren.
Um 16 Auer um Samschden de Mëtten ass et direkt mat engem vun den Héichpunkte vun der Oktav lassgaangen. Dat bal 400 Joer aalt Gnodebild vun der Tréischterin ass op de Votivaltor gedroe ginn.
D'Motto vun der Oktav dëst Joer ass, "fir ze déngen". "Et ass ganz wichteg, dass mer eng Kierch ginn, déi am Déngscht vun de Mënsche steet", huet de Kardinol an Äerzbëschof vu Lëtzebuerg, de Jean-Claude Hollerich, virun der Mass ënnerstrach. Et soll eng Kierch sinn, déi net de Mënsche géing soen, wat se alles maache sollen, mee fir hinnen ze déngen.
Déngen, sou wéi och d'Diakonen an hire Poren. Deemno sinn et dëst Joer 12 Diakonen an d'Fra vun engem Diakon, déi Oktavpriedeger sinn. "De Virdeel ass, dass déi meescht vun eis bestuet sinn a selwer Famill hunn", huet de Frank Strock, ee vun den Oktavpriedeger, ënnerstrach. Diakonen hätten eben och keng Déngschtwunnengen no bei de Kierchen, mee géingen a Quartiere wunnen, wou se mat villen ënnerschiddleche Mënschen ze dinn hätten. Et wier eng aner Vue, déi si kéinte mat erabréngen, wéi déi vun engem Paschtouer zum Beispill.
D'Traditioun vun der Marienveréierung ass am Grand-Duché Joerhonnerten al. D'Zäit vun der Oktav gesäit dann och de Frank Strock ëmmer als e besonneschen Ament. "D'Tréischterin huet eng grouss Plaz kritt an der Lëtzebuerger Kultur", sou den Diakon. Mee kéint och wichteg si beim Fanne vun der Identitéit vum Lëtzebuerger a vun der Lëtzebuerger Natioun.
Mam Opkomme vum Protestantismus no der Reformatioun sollt de kathoulesche Glawen an der Bevëlkerung gestäerkt ginn. Elo sicht een déi interreliéis Gemeinsamkeeten. Am Kader vun der Oktav dëst Joer wäert och de President vun der protestantescher franséischer Kierch eng Konferenz an der Dräifaltegkeetskierch halen. D'Glawensgemeinschafte wiere sech schliisslech ganz no. "Mer mussen eis Kierchen alleguerten duerch d'Evangelium erneieren", sou de Kardinol Jean-Claude Hollerich.
D'Kathoulesch Kierch wëllt sech nei opstellen. D'Zil vun der Weltsynode, déi amgaangen ass, den Erausfuerderunge vun der Zäit gerecht ze ginn. Et wier ee méi kleng wéi fréier, huet de Kardinol ënnerstrach. Mee et wéilt ee mat alle Leit zesummeschaffen, ob reliéis oder net, fir eng besser Welt.
Vill Wandel, dee sech och um Oktav-Mäertche bemierkbar mécht. Wou sech emol d'Pilger gestäerkt hunn, kommen haut vill Mënschen, fir sech z'ameséieren. Ma sou munche Forain ass och schonn eng laang Zäit dobäi. "Mäi Grousspapp ass 1947 aus Kanada op Lëtzebuerg komm. Ech mengen, hie war ëmmer op der Oktav present", huet ee vun de Foraine gesot, dee Kamelle verkeeft. Virdru wier d'Oktav e grousse Maart gewiescht, haut wier et net méi wéi virdrun. D'Foraine wieren am grousse ganze léiwer nees um Knuedler mat hire Stänn.
"Meng Eltere si schonn zanter 40 Joer um Oktav-Mäertchen dobäi. Ech selwer zanter 20 Joer", huet ee Forain, dee Kichenutensilie verkeeft, ënnerstrach. Natierlech hätt sech d'Offer um Mäertche verännert. Fréier hätt ee vill chrëschtlech Saache kritt, haut géifen et just nach 2 bis 3 Stänn ginn. Mee dat wier eben d'Offer an d'Demande.
De Mäertche bei der Gëlle Fra ass dann all Dag tëscht 11 Auer an 22 Auer op.