Zu Dikrech ass eng Pontonsbréck iwwer d'Sauer opgaangen

© Marc Hoscheid
Zanter engem Mount ass d'Fisselsbréck gespaart an d'Foussgänger hunn een Ëmwee musse maachen. Elo suergt ee Provisorium fir Entlaaschtung.
Ufank Abrëll war et d'Nouvelle, datt déi sougenannt Fisselsbréck, déi hannert der Dikrecher Gemeng iwwert d'Sauer an de Quartier Sauerwiss féiert, aus Sécherheetsgrënn gespaart géing ginn. Déi stole Seeler, un deenen d'Bréck deelweis hänkt, sinn nämlech esou verrascht, datt d'Gefor besteet, datt se räissen an op Foussgänger falen. Dat hat zur Konsequenz, datt Foussgänger een Ëmwee hu musse maachen. Déi Gemengeresponsabel hate vu Ponts et chaussées eng séier Alternativ gefuerdert, well vill Schüler d'Bréck genotzt hunn, fir op de Campus Merten ze kommen. En Donneschdeg ass elo eng Pontonsbréck direkt nieft der Fisselsbréck opgaangen.
Wärend et vu Ponts et chaussées heescht, datt de Ponton bis zum Schluss vun den Aarbechten en place bleift, géing een et am Schäfferot léiwer gesinn, datt an enger spéiderer Phas eng richteg Bréck als temporär Alternativ opgeriicht gëtt. Et ass nämlech nach net gewosst, wéi laang d'Fisselsbréck zoubleiwe wäert. Vu Ponts et chaussées heescht et, datt d'Aarbechte ronn ee Joer dauere wäerten, wéini se ufänken, ass awer nach net gewosst, et ass just kloer, datt dat net méi dëst Joer de Fall wäert sinn. Bei deenen Aarbechte wäerten awer net just déi stole Seeler ersat ginn, mee d'Bréck gëtt generell restauréiert.
Schonn am Summer d'lescht Joer war eng Stabiliséierungskonstruktioun no beim Ufer op der Säit vun der Gemeng en place gesat ginn. Déi Aarbechten hate 60.000 Euro kascht. Wéi deier d'Restauréierung vun der Fisselsbréck wäert ginn, kann ee bei Ponts et chaussées iwwerdeems nach net soen.