Grënn, fir ze feieren, gouf et der dëser Deeg genuch: D'Victoire vum 8. Mee 1945 a Frankräich, Pappendag an Däitschland, Europadag hei zu Lëtzebuerg.

Bonjour, Moien, Hallo - Begréisst gouf een en Donneschdeg direkt an 3 Sproochen. Zu Schengen, Pierel an Opech, do wou Europa d'Mënschen iwwer d'Grenzen am Alldag zesummebréngt, sou wéi et d'Iddi vu Schumann a Monnet war. Hei géifen d'Bierger aus de verschiddene Gemengen dat liewen, iwwer dat anerer schwätzen, sou d'Reaktiounen en Donneschdeg.

D'Fest um Europadag huet ganz vill Leit ugezunn. Ouni d'Kontakter tëscht de Gemengeresponsabelen am Alldag wier et vill méi schwéier, esou e Rendez-vous ze organiséieren.

De groussen Challenge kënnt awer eréischt op d'Gemengen aus dem 3-Länner-Eck duer. Donneschdes, de 27. Juni gëtt d'Olympesch Fakel um Wee op Paräis erwaart. Géint 13 Auer kënnt dann de Fakellaf zu Opech un. Vun do aus geet et Direktioun Pierel an dann iwwert d'Grenzbréck op Schengen. Do ass eng offiziell Zeremonie virgesinn. E Lëtzebuerger wäert d'Fakel droen, ier de Relais onst Land nees no 300 Meter Direktioun Scy-Chazelles bei Metz verléisst. Do wou de Robert Schumann gelieft huet.

En Dag op deem nieft héije Gäscht och vill Leit laanscht d'Stroossen am 3-Länner-Eck erwaart ginn.