An Zukunft muss eng ëffentlech Petitioun vu 5.500 Leit ënnerschriwwe ginn, fir datt se nach an engem ëffentlechen Debat am Parlament diskutéiert gëtt.

Dat huet d'Petitiounskommissioun e Mëttwoch de Moie mat de Stëmme vun der CSV-DP-Majoritéit decidéiert. Dat sinn 1.000 Ënnerschrëfte méi wéi elo. Bis elo louch de Quorum bei 4.500 Signaturen.

D'LSAP, d'Partei vun der Presidentin vun der Petitiounskommissioun Francine Closener, huet sech e Mëttwoch beim Vott enthal. D'Sozialisten hate proposéiert, datt ee sollt 0,6% vun der Populatioun an de Frontalieren hei am Land misse bei de Signaturen areechen. Sou wéi elo hätt een awer net kënne weiderfueren, sot d'Francine Closener RTL géintiwwer.

28 ëffentlech Debatten an zwee Joer, dat wier net méi ze stemme gewiescht. D'LSAP wier derfir, fir d'Instrument vum ëffentlechen Debat ze protegéieren an net ze bradéieren. Dofir hätt een deen neie Schlëssel proposéiert.

An der nächster Sëtzung vun der Petitiounskommissioun soll iwwer dat neit Reglement ofgestëmmt ginn. Dozou gehéiert ënnert anerem och, datt an Zukunft e Petitionär, deen ouni Grond net fir den ëffentlechen Debat an d'Chamber kënnt, zwee Joer laang keng nei Petitioun méi deposéieren dierf. An datt e Minister maximal 4 Méint Zäit kritt, fir en Datum fir eng Debatt ze proposéieren, sou nach d'Presidentin vun der Kommissioun Francine Closener.

Déi aner Oppositiounsparteie wieren am léifste bei den aktuellen 4.500 Ënnerschrëfte bliwwen a gesinn de Changement kritesch.