
Fir eisen Audio-Service bei RTL Lëtzebuerg siche mir Freelance Audio Engineers, déi eis Ekipp flexibel bei Studio- a mobille Produktioune verstäerken.
Bei eis schaffs du ënner anerem mat:
Wat mir sichen:
Leit mat techneschem Verständnis, engem gudden Ouer an enger selbstänneger a verantwortungsbewosster Aarbechtsweis.
Wichteg ass eis och d'Loscht, sech an nei Technologien a Workflowen anzeschaffen a sech weiderzeentwéckelen.
Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch an Englesch sinn an eisem Aarbechtsëmfeld relevant. Du solls dech an engem méisproochegen Team gutt verstännege kënnen a wuelfillen.
D'Asätz kënnen am Studio oder dobaussen ënnerwee sinn. Flexibilitéit fir verschidden Aarbechtszäiten, dorënner Schichtdéngscht, Weekender a Feierdeeg, ass dofir wichteg.
Wat mir bidden:
E passionanten Job an engem flotten Aarbechtsëmfeld mat vill Ofwiesslung a grousser Responsabilitéit am Déngscht vum Public.
Interesséiert?
Da mell dech bei eis op job@rtl.lu mat engem kuerze Profil, denger Erfarung an denger Disponibilitéit.
Mir freeën eis, vun dir ze héieren!