
Um Findel goufe knapp 110 Liter Reen op de Meter Carré gemooss, dat sinn 33 Liter méi wéi d'Moyenne. Am Ganzen huet et op 16 Deeg gereent, dat ass een Dag méi wéi üblech. Niwwel gouf et och méi wéi soss an engem Oktober.
12 Niwweldeeg an iwwer 44 Stonnen Niwwel goufen op der Wiederstatioun um Findel gemooss. An et war e bësse méi waarm wéi soss an der Moyenne am Oktober mat 10,6 Grad an engem Maximum vu knapp 23 Grad.