All 4 Joer ginn ëffentlech a privat Bauhäre mat dësem Präis belount
Dëse Präis ënnersträicht d'Vertrauensverhältnes tëscht dem Bauhär an der Concepteursekipp a gëtt schonn zënter dem Joer 2000 verginn.
Ënnert dem Patronage vum Grand-Duc ginn all 4 Joer, souwuel privat wéi och ëffentlech Bauhäre mat dësem Präis belount.
D’Projeten, déi fir e Bauhärepräis OAI a Fro kommen, musse fäerdeg Projete sinn, déi duerch héichwäerteg Architektur, Baukonscht oder duerch den Amenagement vum Territoire a vum Urbanismus ervirstiechen.
Dëse Präis ënnersträicht d'Vertrauensverhältnes tëscht dem Bauhär an der Concepteursekipp. Zanter dem Lancement am Joer 2000 ass de Bauhärepräis OAI ëmmer méi erfollegräich ginn. Bei der Editioun vun 2004 waren eng 107 Kandidaturen erakomm, 2020 waren et der 257 an dëst Joer läit ee bei 301 Inscriptiounen.
Detailer vum Bauhärepräis OAI 2024 kann een um Site vum OAI nokucken.