Wéi aus enger neier Etüd vun der Salariatskammer ervirgeet, waren zejoert knapp 30% vun de Leit reegelméisseg am Homeoffice.

Et sinn zwar manner Leit wéi nach an der Pandemie, mä den Teletravail bleift zu Lëtzebuerg nach ëmmer verbreet an och beléift. Zejoert ware knapp 30% vun de Leit reegelméisseg am Homeoffice, 2021 dogéint hunn nach 40% Teletravail gemaach. 57% vun de Leit hunn uginn, datt si op d'mannst eemol d'Woch vun doheem aus schaffe wëllen. 32% souguer dee gréissten Deel vun der Zäit.

Wéi et ausgesäit, sinn d'Leit och ëmmer besser equipéiert, fir hir Aarbecht vun doheem aus ze maachen. 70% vun de Befroten hunn uginn, datt si dat néidegt Equipement hunn, fir gutt schaffen ze kënnen. Hei gëtt et allerdéngs nach grouss Ënnerscheeder jee no Secteur. D'Kommunikatiounskäschte ginn dobäi nëmmen an engem Véierel vun de Fäll vum Patron iwwerholl.

85% vun de Leit soen dann, si kéinten doheem schaffen, ouni gestéiert ze ginn. Dat sinn der nach emol däitlech méi wéi 2021 (65%). Et kënnt dann och just a 7% vun de Fäll vir, datt d'Leit systematesch wärend dem Teletravail no hire Kanner doheem kucken.