
Dëst soll vum Escher Schäffen “en âme et conscience” geschéien, well d’Condamnatioun wéinst schwéierem Steierbedruch net am Kader vum politesche Mandat geschitt wier, mee wärend de berufflechen Engagementer vum DP-Politiker.
Den Inneminister kommentéiert d’Decisioun vun de Riichter aus dem Abrëll dëst Joer dann och net, mee stellt fest datt de Pim Knaff seng Rechter fir ze wielen oder gewielt ze ginn, net ofgeholl krut.
Deemno kéint hien och ouni Probleem seng Funktioun als Schäffe weiderféieren, sou de Léon Gloden, deem säin CSV-Parteikolleeg a Buergermeeschter Christian Weis eng Koalitioun mat der DP an deene Gréngen zu Esch huet.
De Marc Baum, dee fir Déi Lénk an der Oppositioun am Escher Conseil setzt, hat an enger parlamentarescher Fro den Artikel 41 vum Gemengegesetz an d’Spill bruecht, deemno Schäffe vun hire Funktioune kënnen entbonne ginn, wa si Feeler oder Noléissegkeete maachen respektiv sech “notoresch” dernieft behuelen (“inconduite notoire”).
Op dëse speziellen Artikel geet den Inneminister a senger Äntwert op d’Fro vum Marc Baum weider net an.
D’Affäre Knaff suergt zanter Woche fir politesch Onrou an der Minettmetropole - LSAP, Déi Lénk an d’ADR fuerderen de Récktrëtt vum liberale Schäffen, iwwerdeem d’Pirate souguer Neiwale froen.
D’Oppositioun hat dann och wärend dem Escher Conseil d’lescht Woch de Sall verlooss, well de Buergermeeschter eng Motioun zum Fall Knaff net wollt zum Vott stellen.