E Méindeg den Owend war d'Parteileedung vun de Pirate beieneen, fir iwwer d'Demissioun vum Ben Polidori ze beroden.

"Elo musse mer eis Statute-Reform virundrécken. D'Gouvernance den neie Realitéite vun der Partei upassen". Dat sot de Sven Clement vun de Piraten en Dënschdeg de Moien am RTL-Interview.

De Ben Polidori huet jo e Méindeg säin Austrëtt annoncéiert. Den Nord-Deputéierte sot, hie géif sech net méi an der Partei erëmfannen a bleift elo Mol gär als Onofhängegen an der Chamber. 
 
Déi lafend Aarbechte misste séier zum Ofschloss bruecht an déi verschidde Proposen nach eng Kéier all op de Leescht geholl ginn. Dowéinst géif d'Gespréich mat der Parteibasis an alle Bezierker gesicht. Dee Prozess soll nach bis zum Hierscht-Kongress ofgeschloss sinn, sou de Sven Clement weider. Natierlech hätt een d'Mandat vum Ben Polidori gär zeréck, et kéint een hien awer net dozou zwéngen.

D'Sensibilitéit vun de Pirate sëtzt elo also just nach zu zwee an der Chamber. De Sven Clement an de Marc Goergen hu sech iwwerrascht an enttäuscht gewisen.

De Coordinateur Marc Goergen huet zwar Versteesdemech fir eng gewëssen Onzefriddenheet gewisen, well d'Wäerter, fir déi d'Partei stoe géing, an der Lescht net no bausse vermëttelt gi wieren, ma einfach senger Wee ze goen, wier awer net richteg. De Sven Clement huet iwwerdeems ënnerstrach, datt den Depart vum Ben Polidori ee groussen Impakt op d'Aarbecht vun deenen nächste Wochen a Méint wäert hunn. Wat dat konkreet fir de Budget vun der Partei bedeit, misst een och nach klären.

De Sven Celment am Interview mat RTL