Feierbakterie op der MuselAn deene Wéngerten dierf elo op d'mannst ee Joer laang näischt méi ugeplanzt ginn

Monica Camposeo
"Mir hu séier geschafft an d'Wënzer sinn natierlech direkt kontaktéiert ginn". Dat sot den Direkter vum Institut viti-vinicole, de Serge Fischer, am RTL-Interview, iwwert den Ëmgang mat der Feierbakterie.

Op dräi Plazen war d'Bakterie viru gutt zwou Wochen detektéiert ginn. Wat ass zanterhier geschitt a wéi gesäit d'Situatioun haut aus?

50 Meter ronderëm déi betraffe Planz hunn d'Riefstäck misse fortkommen.

An enger zweeter Phas ass et ëm d'Pufferzon gaangen. Dës Zon entsprécht engem Radius vun 2,5 Kilometer, vun do, wou d'Bakterie fonnt ginn ass. Ganz wichteg wier dem Serge Fischer, Direkter vum Wäibauinstitut och d'Kommunikatioun mat de Bierger aus där Pufferzon. Dofir den Opruff:

“Wann Dir “Wirtsplanzen” am Gaart stoen huet, Kontakt opzeholle mat der ASTA oder mat eis, fir datt ee ka kucken, ob do net scho Planze sinn, déi befall sinn.”

D'Feierbakterie kann nämlech net just Riewe befalen, mee och aner sougenannten "Wirtsplanzen":

“Bei Mandelbeem zum Beispill, Kiischtebeem, Schléiwenhecken zum Beispill, also et geet vu bis. A wann ee sech net sécher ass, gären eis kontaktéieren, mir hunn eng ganz Lëscht, an da wäerte mer eis am Wanter a Kontakt setze mat deene Leit.”

Iwwert de Wanter soll iwwerdeems och e Plang mat de Wënzer opgestallt ginn fir ze verhënneren, datt d'Bakterie weider iwwerdroe gëtt. Vill Erkenntnisser huet een allerdéngs nach keng:

“Et ass ganz schwiereg, well mir dat éischte Gebitt ginn, wat esou nërdlech ass, wou mer de Befall hunn. Dat heescht, all déi wëssenschaftlech Erkenntnisser kommen éischter aus de Géigende ronderëm d'Mëttelmier, mat anere Wirtsplanzen, zum Deel mat anere Vecteuren. A mir hunn awer gutt Kontakter do och an den USA, wou jo d'Krankheet nach vill méi laang ënnerwee ass. Mir sammele mol alles zesummen.”

Dat Wichtegst wier awer elo mol den Ursprong eraus ze fannen. Aktuell gi verstäerkt Tester gemaach. Resultater ginn et awer nach net.

Eng klassesch Pist, vu wou d'Bakterie hier ka kommen, ass dat, wat d'Leit an der Zon ronderëm an hirem Gaart stoen hunn, seet den Direkter vum Institut viti-vinicole. Dat sinn allerdéngs just Hypotheesen an d'Resultater vun den Analysë mussen ofgewaart ginn.

Wat déi betraffe Wéngerten ugeet, do dierf elo op d'mannst ee Joer laang näischt ugeplanzt ginn.

D'Fro bleift awer, ob d'Leit iwwerhaapt bereet sinn, hei nees frësch unzeplanzen. Eng gewëssen Angscht wier do, seet den Direkter vum Institut viti-vinicole Serge Fischer.

Back to Top
CIM LOGO