An engem Schreiwes huet de Parquet matgedeelt, datt sech am Kader vun den Ermëttlungen an der Affär Caritas eng Persoun gestallt huet.

Nodeem RTL an de Radio 100,7 e Freideg gemellt haten, datt et e milliouneschwéiere Bedruch bei der Caritas gëtt, huet sech elo eng Persoun der Police gestallt. RTL-Informatiounen no handelt et sech dobäi ëm eng héichgestallte Mataarbechterin, déi mat de Finanzen ze dinn hat.

Wéi et an engem Schreiwes vum Parquet heescht, hätt sech eng Persoun bei den Enquêteure vun der Police Judiciaire presentéiert, déi an der Affäre dann och éischt Aussoe gemaach hätt.

Op Uerder vum Untersuchungsriichter gouf d'Persoun no der Uklo verhaft. D'Ermëttlung geet natierlech weider, ënner anerem fir ze klären, op wéi eng Manéier déi 61 Millioune konnte vun de Caritas-Konten op aner Konte bei enger spuenescher Bank iwwerwise ginn, ouni datt se bei de Partner ukomm sinn, mat deene Caritas Lëtzebuerg zesummeschafft.
 
E Méindeg de Moien huet de Generaldirekter och d'Personal iwwert de Finanzskandal informéiert. Wéi et geheescht huet, sinn d'Paie garantéiert, wëll d'Caritas op Reserve zeréckgräife kann. Am RTL Moiesjournal sot de Marc Crochet, dass d'Caritas d'Affer vun engem Verbrieche gi wier, dat lo misst komplett opgekläert ginn.

D‘Presidentin vun der Caritas Marie-Josée Jacobs sot sech e Méindeg de Mëtteg am RTL-Interview iwwer dat Ganzt schockéiert.

Extrait Marie-Josée Jacobs

"Also dat ass mat dat Schlëmmst, wat mir a mengem Liewe bis elo geschitt ass. Dat ass ganz schrecklech. Also wann ee gesäit, datt ee Betrib, dee soss impeccabel fonctionéiert, mer setzen eis all mat Leif a Séil an, fir all déi Leit, deenen et schlecht geet dobaussen, a wou mer eis wierklech ploen derfir, an datt mer just dat Geld, wat mer och vun der Regierung kritt hunn, oder vun aneren Leit, och vun eisen Donateure kréien, fir deene Leit ze hëllefen, datt mer dat gestuel kréien. Dat ass ganz schrecklech, net nëmme fir mech, mä fir eis alleguerten, déi mer alleguerte benevole an deem Conseil hei sinn a fir d'Caritas schaffen. Mä ännere kënne mer et an dësem Moment net a mer hoffen, datt mer erëm eng Kéier op d' Féiss kommen. Vun der Regierung hu mer d'Zouso kritt, datt se eis géifen hëllefen, souwäit wéi dat géif goen. Mir hoffen och, datt eis Donateuren eis trei bleiwen, an datt mer domat deene Leit kënne virunhëllefen, fir déi mer bis elo ëmmer do waren."
 
Natierlech stellt sech d’Fro, wéi et sou wäit konnt kommen.  Ënner anerem d’DP-Deputéiert Barbara Agostino fënnt op sozialen Netzwierker, datt et net ze gleewe wier. Si stellt d’Fro vun der Responsabilitéit vun de Caritas-Responsabelen a vun de Banken.

Och um politeschen Niveau kritt den Dossier Caritas eng Suite, well déi responsabel Ministere Frieden, Hahn, Roth a Meisch nach dës Woch an den zoustännegen Chamberkommissiounen virstelleg ginn.

D‘Caritas selwer wëll parallel zur Justiz eng intern Enquête maachen. Eng Lëtzebuerger Beroder-Firma soll d‘Caritas beroden, fir sech a puncto intern Prozeduren nei opzestellen.

D'Schreiwes vum Parquet

Communiqué de suivi du parquet de Luxembourg en relation avec l'affaire Caritas
(22.07.2024)
 
Dans le cadre de l’instruction ouverte à la suite de la plainte de la direction générale de Caritas en rapport avec le détournement présumé d’une somme importante d’avoirs, une personne s’est présentée devant les enquêteurs de la Section formation, appui et méthodologie économique/financière du Service de police judiciaire de la Police grand-ducale, pour être interrogée.
 
Elle a été arrêtée sur mandat du juge d’instruction et placée sous contrôle judiciaire après son inculpation.
 
L’instruction suit son cours.
 
Le parquet rappelle la présomption d’innocence.