Zolidd Präishausse bei der Offall-Kollekt vum Sidec

© RTL-Archivbild
Zanter dem 1. Juli mussen d'Leit 60 Prozent méi bezuelen, de Syndicat intercommunal pour la Gestion des Déchets verweist op d'Inflatioun.
137,60 amplaz 86 Euro, dat mussen zanter dem 1. Juli d'Bierger a 44 vu 45 Sidec-Gemenge pro Joer fir eng Dreckskëscht vu 60 Liter bezuelen. Bei engem Volume vun 360 Liter sinn et 531,20 amplaz 332 Euro. Och de Vidange ass méi deier ginn, an zwar vun 1,73 op 2,77 Euro respektiv vu 6,68 op 10,69 Euro. Déi deels massiv Hausse ass dem Gemengesyndikat no op d'Präisdeierecht zeréckzeféieren.
Am meeschte wier de Stroumpräis an d'Luucht gaangen. D'Soumissioun fir de Stroum géing ëmmer iwwert dräi Joer lafen. Amplaz wéi virdrun 300.000 Euro, wier de Präis op 1,3 Milliounen Euro explodéiert. De Stroum gëtt beim Triage vum Dreck gebraucht. Dozou kéim, datt och d'Kollekt méi deier ginn ass. Engersäits, well de Präis vum Bensinn geklommen ass, an anerersäits well d'Paie vun de Salariéen, déi fir déi Entreprise schaffen, déi den Dreck siche ginn, duerch den Index an d'Luucht gaange sinn, esou d'Peggy Zeimes, Ingénieur-Directeur beim Sidec.
Si ënnersträicht, datt d'Präisser zanter 2015 net méi ugepasst gi wieren. Et hätt ee bis op de leschte Stëppel gewaart, äert een déi nei Soumissioun fir de Stroum ënnerschriwwen huet, mee de Präis wier net erofgaangen. Et hätt ee bei e puer Ministèren nogefrot, mee anescht wéi bei de Stéit an den Entreprise wier de Staat hei net agesprongen. Et hätt een als Sidec de Membergemenge recommandéiert, wéi d'Tariffer ugepasst solle ginn, ma wéinst der Autonomie communale wieren déi awer net dorunner gebonnen.
30.000 Tonnen Dreck pro Joer
Sou koum et dann och, datt Ierpeldeng un der Sauer een anere Wee gewielt huet. Hei ass d'Präishausse bei deene groussen Dreckskëschte méi héich, wéi bei deene klengen. Eng vun 360 Liter kascht zanter dem 1. Juli 666 Euro, eng vu 60 Liter "just" 111 Euro. De Vidange vun enger 60-Liter-Dreckskëscht kascht elo 2,25 an dee vun enger mat 360 Liter 13,48 Euro. Et wéilt een esou déi belounen, déi manner Dreck produzéieren. Beim Sidec war een net op dee Wee gaangen, well ee Famille mat ville Kanner net benodeelege wollt.
De Sidec besteet aus 45 Gemengen, déi a véier Zonen opgedeelt sinn, déi vun zwou Entreprisen ofgedeckt ginn. Op deem Territoire liewe méi wéi 140.000 Leit. An deene leschte Jore sinn duerch déi gro Dreckskëschte jee ronn 30.000 Tonnen Offall ugefall. Wärend all d'Stécker, déi méi wéi 15 Zentimeter grouss sinn, um Site um Fridhaff verbrannt ginn, kënnt de Rescht op den Tipp vum „Syndicat Intercommunal pour la gestion des déchets ménagers, encombrants et assimilés en provenance des communes de la région de Grevenmacher, Remich et Echternach“, kuerz Sigre. Dëst Joer kéint et sinn, datt ee bei "nëmme" 27.000 Tonnen Offall erauskënnt, well d'Leit den Dreck ëmmer besser trennen.
Wat d'Suen ugeet, kéint et gutt sinn, datt d'Gemengen an deenen nächste Joren opgefuerdert ginn, een Apport en capital ze leeschten. Am Fong soll nämlech op all 10.000 bis 15.000 Awunner ee Centre de ressource (fréier Centre de recyclage) kommen, dat ass awer aktuell nach net de Fall, mee zwee nei Parke sinn a Planung. Vun 2030 un dierf iwwerdeems zu Lëtzebuerg verbuede sinn, "Restmüll" op Deponien ze lageren.