Ministesch-Reunioun iwwer Sujet "Caritas"Wéi konnte sou vill Suen detournéiert ginn a wéi geet et elo weider?

RTL Lëtzebuerg
Zwou Froen, mat deene sech och déi national Politik weider beschäftegt. E Méindeg war nämlech eng Zort Minister-Rot beieneen.
© RTL Archiv

De Premier Luc Frieden huet sech mam Kooperatiounsminister Xavier Bettel, dem Educatiounsminister Claude Meisch, dem Familljeminister Max Hahn, dem Finanzminister Gilles Roth an der Gesondheetsministesch Martine Deprez iwwert de Sujet Caritas ausgetosch.

Diskutéiert ginn, wier iwwert “déi verschidden Optiounen, fir d’Aktivitéite vun der ONG am Optrag vum Staat weider ze féieren”, esou heescht et an engem Schreiwes aus dem Staatsministère vun e Méindeg den Owend.

Dofir gouf elo e Comité aus héije Beamten agesat, fir verschidde rechtlech a praktesch Froen ze klären.
Eng nächst Reunioun zu deem Thema soll et d’nächst Woch ginn.

Back to Top
CIM LOGO