Pyrotechnik huet gebranntGréissere Pompjeesasaz zu Monnerech wéinst Feier

RTL Lëtzebuerg
Wéi et vun der Police heescht, wier et géint 15.30 Auer zu engem Feier an der Escher Strooss zu Monnerech komm.
Feier zu Monnerech
Um Dënschdeg de Mëtteg koum et zu engem gréissere Feier an der Escher Strooss.

Vun Zeien op der Plaz huet et geheescht, datt ee kuerz virum Ausbroch vum Brand e Knuppe wéi Freedefeier héieren hätt. D’Police huet op Nofro confirméiert, datt et zu engem Feier koum.

An engem Haus zu Monnerech huet et gebrannt.
Am Garage stoung ënnert anerem Pyrotechnik a Flamen.

Et soll an engem Haus zu enger “Aart Explosioun” komm sinn, heescht et vum CGDIS. Wéi déi éischt Ween op d’Plaz koumen, stoung eng Garage a Flamen. Ënnert anerem huet hei Pyrotechnik gebrannt. D’Feier hätt och schonn op d’Haus niewendrun iwwergegraff. Direkt gouf probéiert, d’Ausbreede vum Feier op weider Haiser ze evitéieren, wat den Asazekippen och gelongen ass. Den Yves Legil vum CGDIS confirméiert da weider, datt dräi Persoune fir eng Kontroll an d’Spidol koumen. Si goufe liicht blesséiert.

Extrait Yves Legil - CGDIS
Feier zu Monnerech

De CGDIS ass mat 80 Leit op der Plaz, fir dass si sech wéinst der Hëtzt reegelméisseg ofléise kënnen. Am Asaz sinn d’Rettungsdéngschter vu Monnerech, Suessem, Déifferdeng, Keel, Lëtzebuerg, Esch, Diddeleng, Schëffleng, Péiteng an Hesper.

Feier zu Monnerech
An der Escher Strooss zu Monnerech huet et gebrannt.

Back to Top
CIM LOGO