Clement oder Goergen, wien ass de Mobber?
Déi zwee Deputéiert werfe sech géigesäiteg vir, Parteimemberen a Mataarbechter psychesch fäerdeg ze maachen.
De 15. Juli 2024 war een Dag, wéi een déi Lëtzebuerger Piratepartei virdrun nach net erlieft hat. Mam Ben Polidori huet ee vun de bis dohin dräi Deputéierten d'Partei verlooss. D'Annonce war dobäi just e puer Minutte virum Ufank vum sougenannte Fraktiounsiesse vun de Piraten, also dem Réckbléck op dat rezent Chamberjoer, an d'Noriichteredaktioune geplatzt. Als Grënn hat de Ben Polidori, dee réischt 2023 an d'Chamber gewielt gouf, uginn, datt et Problemer am Fonctionnement vun der Partei an Differenzen an der klenger parlamentarescher Ekipp ginn hätt. Amplaz datt de Sven Clement an de Marc Goergen dono, wéi een et sech eigentlech hätt kënnen erwaarden, zesummegehalen hätten, gouf et Reprochen. Virun allem vum Marc Goergen un d'Adress vum Sven Clement.
Vis-à-vis vu verschiddenen Zeitunge sot hien, de Ben Polidori wier virun allem gaangen, well hie Problemer mam Sven Clement an och mat deem sengem Ëmgank mam Dossier vun der Iwwersetzungsapp MALT gehat hätt. Den 19. Juli huet de Marc Goergen dann als Invité vun der Redaktioun bei eis op der Antenn behaapt, d'Co-Parteispriecherin Rebecca Lau wier scho länger am Krankeschäin, well se mam Sven Clement net méi eens gi wier. Zudeem wéilten déi meescht vun de Mataarbechter vun der Sensibilité politique mat him an net mam Sven Clement zesummeschaffen.
Presuméiert Géigner gi vun Informatiounen ofgeschnidden
Doropshin huet de Sven Clement sech genéidegt gefillt, zeréckzeschéissen. Op enger kuerzfristeg organiséierter Pressekonferenz war et de Reproche, datt de Marc Goergen een toxescht Aarbechtsklima geschaaft a Leit psychesch fäerdeggemaach hätt. Hie géing sech selwer de Reproche maachen, ze laang nogekuckt an net agegraff ze hunn. Déi zwee Piraten-Deputéiert maache sech also zimmlech änlech Virwërf, mee wie seet d'Wouerecht, hu béid Recht oder léien ieren allen zwee?
Mir hu mat enger Partie Leit geschwat, souwuel fréieren, wéi och aktuelle Memberen. Dobäi huet sech gewisen, datt am Zesummenhank mat Mobbing just den Numm vum Marc Goergen fält. Ëmmer nees ass ee Saz gefall: "Fir de Marc Goergen ass d'Welt Schwaarz oder Wäiss, entweder et ass ee fir hien oder géint hien". A wann de Marc Goergen een als Géigner klasséiert hätt, wier d'Method ëmmer déi selwecht. Et kéim net zu enger direkter Konfrontatioun, mee et géing een no an no vun Informatiounen ofgeschnidden ginn. Fréier Mataarbechter erzielen, et hätt sech dobäi ëm Informatioune gehandelt, déi si fir hir Aarbecht gebraucht hätten. Wann d'Aarbecht dann net esou gemaach war wéi erwaart, wier een dofir kritiséiert ginn. Wat Parteimemberen ugeet, sou erzielen dës, datt si wärend de Gemengewalen doduerch sabotéiert gi wieren, datt si di deelweis aus Gruppenchats ausgeschloss goufen. Doriwwer eraus hätte si net ëmmer all d'Plakater kritt, déi si bestallt hätten. De Marc Goergen hätt dann an deene betraffene Sektiounen erzielt, d'Plakater wieren net bestallt ginn. Dee Reproche kënnt zum Beispill vun der Stater Conseillère Marie-Marthe Muller.
Gouf Drock gemaach, fir de Marc Goergen ze ënnerstëtzen?
Et wier souwisou opfälleg, datt d'Sektioun Péiteng, wou de Marc Goergen, deen de Coordinateur vun der Partei ass, wunnt, am Verglach mat deenen anere besser ewech kéim. Am Südbezierk géingen zum Beispill virun allem Esch an Déifferdeng an déi jeeweileg Gemengeconseillèren Tammy Broers a Morgan Engel ausgeschloss. Dowéinst wonnert sech ee Parteimember och, datt den Numm vum Morgan Engel, Conseillère vun Déifferdeng, ënnert deem Communiqué ze fannen ass, an deem eng Partie Gemengeconseillere dem Marc Goergen de Réck stäipen an hien ënnert anerem géint d'Mobbingreprochen a Schutz huelen. Dobäi leien RTL Noriichte vir, an deenen d'Morgan Engel ofstreit, dat Schreiwes ënnerschriwwen ze hunn. Doranner heescht et ënnert anerem och, si géing sech vun deenen anere Parteimemberen ausgegrenzt fillen a si wier jo souwisou ëmmer de "schwaarze Péiter". Op Nofro hi streit si awer of, datt si jee vum Marc Goergen gemobbt gi wier. Et wieren dat aner Persoune gewiescht, déi mëttlerweil och net méi an der Partei wieren.
Am Ganzen hunn néng Gemengeconseilleren de Bréif ënnerschriwwen. Dobäi wier Drock gemaach ginn, fir datt nach méi Leit ënnerschreiwen. Deels wier gedreet ginn, datt si aus der Partei ausgeschloss géife ginn, wa si dat refuséiere géingen. Dat behaapt op alle Fall d'Tammy Broers. Nodeems si sech entscheet hat, neutral ze bleiwen, krut si ee Message vum Marc Goergen, an deem dëse schreift "du weess schonn, datt de Sven där wëll lass ginn?" Vum Tammy Broers heescht et iwwerdeems, de Marc Goergen hätt sech doriwwer geiergert, datt si zu Esch an de Gemengerot gewielt gouf. Dowéinst hätt si vun Ufank u keng Ënnerstëtzung kritt a wier deels esouguer bewosst falsch informéiert ginn.
Marc Goergen schéisst zeréck
Wat de Reproche ugeet, Leit vun Informatiounen ofzeschneiden, ka sech de Marc Goergen net dorun erënneren, datt dat bei Mataarbechter de Fall gewiescht wier. Et hätt just eng esou Decisioun ginn, an zwar op Wonsch vun deene betraffene Leit. Wat d'Memberen ugeet, sou hätt hien net den Iwwerbléck iwwert all d'Chatgruppe vun der Partei.
Mat Bléck op d'Virwërf vun Esch seet de Marc Goergen, d'Partei hätt dem Tammy Broers Hëllef ugebueden, dës hätt si awer net ugeholl. Et wier zudeem net méiglech, engem Gemengeconseiller vu bausse permanent ze hëllefen, et misst och Engagement vun där anerer Säit kommen. Wat de Gemengewalkampf an der Stad ubelaangt, hätt déi lokal Sektioun een eegestännege Walkampf wëlle féieren an trotzdeem all d'Plakater kritt, déi ugefrot goufen. Wat no der Liwwerung an d'Stad domadder geschitt wier, wéisst hien net. Och de Reproche, hien hätt zu enger schlechter Stëmmung ënnert de Kandidate bäigedroen, andeems verschiddener an de Süde gelackelt goufen, léisst de Marc Goergen net gëllen. D'Leit wiere wéinst dem Verhale vun de Spëtzekandidate Marie-Marthe Muller a Pascal Clement frustréiert gewiescht an hätte sech dowéinst un déi national Parteiféierung adresséiert. Dat confirméiert, op d'mannst zum Deel, och de Spriecher vun der Stater Sektioun, de Steve Fuchs.
Generell fënnt de Marc Goergen, datt ee bei de Reprochen net vu Mobbing schwätze kéint. Änlech Téin komme vum Co-Parteispriecher Starsky Flor. An der Vergaangenheet hat et jo schonn esou Reprochë géint de Marc Goergen ginn. Dës wieren awer dacks vu Leit komm, déi keng esou eng gutt Walresultater gehat hätten. Hie léisst op d'mannst indirekt duerchblécken, datt d'Virwërf a sengen Aen eng Retourkutsch kéinte sinn.