Néng Woche Schoulvakanz gi geschwë fir zeg Dausende Kanner a Jonker op en Enn.

omadder gëllt et lues awer sécher, d'Rentrée ze preparéieren. An de Geschäfter sinn d'Rayonen zanter Wochen op dëse Moment gutt gefëllt, sief et fir d'Grondschoul oder de Lycée. Et gëtt ëmmer eng Hellewull u Schoulmaterial gebraucht. Vu Bicher iwwer Hefter bis hin zum Bläistëft a Spëtzer.

An de Librairië fänken d'Preparatiounen op dat néit Schouljoer schonn am Mee/Juni un. Bei de Fournisseure mussen d'Schoulbicher bestallt ginn. Dacks kommen d'Schüler hir Bicher scho virun der Summervakanz bestellen, fir se duerno am September an d'Butteker sichen ze kommen.