Keen Homeoffice méi fir d'Mataarbechter zu Lëtzebuerg

© RTL (Archiv)
E Méindeg de Moien huet de CEO vun Amazon matgedeelt, datt d'Mataarbechter nees Vollzäit op de Büro mussen zeréckkommen.
Dës Mesure gëllt vum 2. Januar un. Bis ewell haten d'Leit, déi am administrative Beräich vun Amazon schaffen, zwee Deeg Télétravail pro Woch ze gutt. Elo geet een op de System wéi virun der Covid-19-Pandemie zeréck, an dat an alle Filialen op der Welt.
Als Erklärung heescht et vum Andy Jassy, datt een an de leschte fënnef Joer dora confirméiert gouf, datt et däitlech méi Avantagen huet, wann dat ganzt Personal zesummen um Büro ass.
Vun de ronn 4.250 Leit, déi zu Lëtzebuerg fir Amazon schaffen, si se all betraff, heescht et vum Lëtzebuerger Siège. Amazon ass ëmmerhin de fënneft gréisste Patron am Land.
Och wann den Homeoffice vum Januar u gestrach gëtt, setzt Amazon awer weider op flexibel Aarbechtszäiten.