De ganzen Trajet vum Poopst an den Impakt op d'Stad
A genee enger Woch ass de Poopst François zu Lëtzebuerg. Eng Visitt, déi vill Organisatioun an Opwand brauch.
Trajet Poopst
Um 10 Auer kënnt de Poopst um Findel un. Da geet et weider bei de Palais, duerno an de Cercle Cité. Vun do aus fiert de Poopst da mam Papamobil d’Dräikinneksgaass erof, iwwer de Boulevard Roosevelt, dann iwwer déi Nei Bréck, iwwer de Boulevard de la Pétrusse bis d’Héicht vum Arbed-Gebai. Do dréint en dann a kënnt iwwer d’Tramsschinne bis an d’Uewerstad zeréck. Bis bei d'Bëschofshaus, wou de Kardinol mam Poopst wäert iessen.
Wéinst den Trajet ass de Plateau Bourbon vu mëttwochs owes 20 Auer bis donneschdes owes um 20 Auer gespaart. D’Stad Lëtzebuerg organiséiert zwee grouss Public Viewingen. Een op der Kinnekswiss an een op der Paräisser Plaz, fir d’Leit kënnen ze verdeelen. Et gëtt mat engem ganz groussen Undrang gerechent.
No der Mëttespaus vum Poopst wäert hien an d'Kathedral goen. Et wäert keng Mass sinn, well 1 Stonn géing dofir net duergoen. Et soll eng Begéinung si mat der kathoulescher Gemeinschaft.
Am Cercle gëtt et scho moies déi éischt grouss Ried a mëttes um 17 Auer an der Kathedral dann déi zweet grouss Ried un d'chrëschtlech Gemeinschaft vu Lëtzebuerg. De Poopst wäert owes um 18 Auer weider op Bréissel fléien.
Exceptionell Fermeturen
Eng Rei Plaze wäerte wéinst dem Besuch vum Poopst deen Dag zou bleiwen, nëmmen zu bestëmmte Momenter zou sinn oder ausnamsweis just iwwer Telefon z'erreeche sinn. Esou wäert d'Stater Bibliothéik eréischt vu 14 Auer un op sinn, de Luxembourg City Tourist wäert zwar wéi gewinnt op sinn, ma et wäerten deen Dag awer keng Visites guidées organiséiert ginn an och d'Péitruss-Kasematte wäerten de 26. September zoubleiwen. Den Info point vum Cityshopping wäert de ganzen Dag zou sinn, et gëtt awer en Accueil dovun am LCTO-Büro organiséiert. Och de Guichet Infobus ass de 26. September zou, ass awer iwwer d'AVL-Hotline z'erreechen. An och de Büro Info chantier bleift zou, ass awer och iwwer Telefon erreechbar. Déi genee Ouvertureszäiten an d'Telefonsnummere fannt Dir um Site vun der Stad Lëtzebuerg.
De Programm an der Iwwersiicht:
10.00 Auer Arrivée Poopst
11.00 Auer Entrevue am Palais mat de Groussherzoglecher Koppel
12.00 Auer Renconter vum Poopst mat der Lëtzebuerger Populatioun am Cercle Cité
12.45 - 13.15 Auer Parcours Papamobil
16.30 - 17.30 Auer Renconter mat der chrëschtlecher Gemeinschaft an der Kathedral
18.15 Auer Cérémonie de Depart & Depart vum Poopst um Findel
Sécherheet
Den Itineraire vum Findel an d'Stad an och zeréck gëtt aus Sécherheetsgrënn geheim gehalen. De Patrick Even, Regionaldirekter vun der Stater Police, huet vun engem "konsequenten" Sécherheetsdispositif geschwat, normalerweis géing ee vun engem "adaptéierten" Sécherheetsdispositif schwätzen. Konkret Zuele wéilt een aus Sécherheetsgrënn net nennen. Och d'Sécherheetspersonal vum Vatikan wier sur place. Vum Fréijoer u gouf sech op dës Visitt virbereet.
Zirkulatioun
D'Mobilitéit an der Stad wäert de 26 September impaktéiert sinn. Vu moies 9 Auer u wäert déi individuell Mobilitéit esouwuel an der Uewerstad ewéi och engem groussen Deel vum Plateau Bourbon net méi méiglech sinn. Vun 9 Auer un also keng Livraisounen méi. Dofir dierfen d’Livraisounen deen Dag och vu 5 Auer moies u gemaach ginn, normalerweis ass et 6 Auer.
Dat huet natierlech och een Impakt op d'Parkingen: An de Knuedler kënnt ee vum 25. September Mëtternuecht un net méi ran. Déi, déi da scho am Parking sinn: kënnen nach bis moies um 8 Auer eraus.

© Ville de Luxembourg
All déi aner Parkingen:
Theaterplaz a Monterey sinn accessibel, dat awer just iwwer d’Avenue Monterey.
De Glacis wäert scho méi fréi impaktéiert sinn. Vum 22. September u wäerten do Plaze reservéiert sinn, well do den Check-In gemaach gëtt vun de Leit, déi am Cercle mat derbäi sinn.
Den Tram fonctionéiert gréisstendeels normal, ma iwwer d'Mëttesstonn ginn et Ännerungen. Vu ronn 12.15 Auer bis 13.45 Auer fiert en op den zwee Trançonen "Luxexpo - Hamilius" a "Gare Centrale - Stadion". Tëscht Hamilius" a "Gare Centrale" - also vun de Statiounen "Place de Metz" a "Place de Paris" - fiert deen Ament awer keen Tram.
D'Busse bedéngen d'Quartiere vun der Stad normal, allerdéngs zirkuléiert kee Bus tëscht 9 an 18 Auer um Tronçon Viaduc-Boulevard Roosevelt.
An der Uewerstad wäerten déi ëffentlech Toilettë vum Cercle gespaart sinn. Dat aus Sécherheetsgrënn. Dofir wäerten eng Rei mobil Toiletten opgestallt sinn.
All déi Donnéeën wäerten den Dag selwer um Liveticker vun der Ville de Luxembourg ze fannen sinn, wou och elo schonn de Programm vun der Visitt an d'Stroossespären online sinn.
RTL live dobäi
Fir déi Leit, déi de Wee net bis an d'Stad maachen, ass RTL de ganzen Dag iwwer live bei der Poopst-Visitt de 26. September dobäi: RTL Télé an RTL.lu iwwerdroe sämtlech Highlighten en direct, de Radio suivéiert d'Visitt och vu ganz no a liwwert an engem Stéck aktuell Trafic-Infoen. Am Magazin an am Journal gëtt et owes op der Tëlee Resuméë vun de wichtegsten Amenter, éier d'Visitt dann och nach an engem Kloertext reflektéiert gëtt. Dat alles natierlech och am Livestream op RTL.lu respektiv op RTL PLAY.