Den Ierfgroussherzog Guillaume ass de Mëtteg duerch en offiziellen Akt am Palais an duerno an der Chamber zum Lieutenant-Représentant ernannt ginn.

Den éischten Deel vum offiziellen Akt war am Palais. De Grand-Duc Henri an de Premier Luc Frieden hunn den Arrêté grand-ducal do ënnerschriwwen, dëse muss elo nach am Memoriale publizéiert ginn.

E groussen Dag fir eist ganzt Land, esou de Luc Frieden

Op Wonsch vum Grand-Duc a mat Ënnerstëtzung vun der Regierung kritt den Ierfgroussherzog Guillaume den Titel vum Lieutenant-Représentant. Dëst wier en historeschen Ament, esou de Premier Luc Frieden. Et wier eng Zorte "Procuratioun" vum Grand-Duc, seet de Premier, andeem hien erkläert, datt den Ierfgroussherzog Guillaume elo all d'Aufgabe ka kréien, déi och de Grand-Duc huet. De Groussherzog  Henri wäert awer weider den eenzege Staatschef vu Lëtzebuerg bleiwen.

"Et ass e grousst Zeeche vu Vertrauen"

Och den Ierfgroussherzog Guillaume huet am Palais geschwat. D’Lieutenance wier e grousst Zeeche vu Vertrauen. Hie sot och sengem Papp Merci, deen him e gutt Virbild gewiescht wier.

Den Ierfgroussherzog Guillaume ass de 6. Lieutenant-Représentant, dee Lëtzebuerg hat. Ënnert anerem säi Papp a säi Grousspapp haten dës Roll och schonn, éier si offiziell zum Staatschef ernannt goufen. Am Interview mat RTL a mam 100komma7 huet de Grand-Duc Henri vun enger relative kuerzer Iwwergangsphas geschwat.

Lieutenant-Représentant leet Eed viru Chamber of

Nom Palais sinn de Premier Luc Frieden an de Prënz Guillaume an d’Chamber gaangen. Do huet den neie Lieutenant-Représentant als éischten an dëser Funktioun en Eed virun den Deputéierten ofgeluecht. Dëst wier esou an der neier Verfassung virgesinn, esou de Chamberpresident. De Claude Wiseler ass a senger Ried och op déi nei Aufgabe vum Ierfgroussherzog agaangen. Nodeems de Prënz Guillaume den Eed ofgeleet huet, huet hien och e puer Wierder un d’Volleksvertrieder geriicht.

"Haut ass e wichtege Moment am institutionelle Liewe vun eisem Land"

Schonn als Ierfgroussherzog hat de Guillaume d'Méiglechkeeten, e Bléck an d'Aufgabe vum Groussherzog ze kréien. Un der Säit vum Grand-Duc wéilt hien am Déngscht vum Land schaffen, esou den Ierfgroussherzog.

"Ech si mir bewosst, datt haut och fir mech perséinlech, fir meng Fra an eis Kanner, eng nei Etapp an eisem Liewen ufänkt a mir kucke mat Vertrauen an Zukunft."

D’Aufgabe vum Lieutenant-Représentant

Déi nei Konstitutioun reegelt zimmlech genee, wat den Ierfgroussherzog Guillaume elo alles maache kann. Wat hie schlussendlech vun Aarbechte kritt, dat wäerte Papp a Jong, mat Géigenënnerschrëft vun der Regierung, tëscht sech ausmaachen, esou de Lieutenant Majerus, deen an der Spezialemissioun op RTL Tëlee Erklärunge ginn huet.

Zum Schluss huet de neie Lieutenant-Représentant virun der Chamber mat de Leit geschwat, déi en Dënschdeg de Mëtteg virun der Dier stoungen.

D'Spezialemissioun am Replay an de Resumé vum Dag