
Reunioune mam Schäfferot a mat der Gewerkschaft wiere geplangt. Dat schreift den CSV-Inneminister Léon Gloden an der Äntwert op eng parlamentaresch Fro vun de gréngen Deputéierten Djuna Bernard a Meris Sehovic. De Ministère wier vun der CSV-Buergermeeschtesch Marion Zovilé-Braquet a vum Syndikat kontaktéiert ginn.
Am September hat den OGBL gemellt, d’Mataarbechter an der Gemeng Conter géingen an engem toxeschen Aarbechtsklima schaffen, et géing keng Wäertschätzung fir d’Aarbecht ginn an en ze héije Leeschtungsdrock. D’Oppositioun hat Opklärung vum Schäfferot gefuerdert.
A senger Äntwert op d’parlamentaresch Fro betount den Inneminister, datt hie per Gesetz keng Kompetenz fir d’Personalverwaltung vun de Gemengen huet.
Gemeng Conter: Toxescht Aarbechtsklima fir d’Mataarbechter vun der Gemeng?