Un de Reprochë wier näischt drun, heescht et aus mandatéiertem Affekotebüro

© RTL-Archiv
D'Reprochë vu Mobbing a moraleschem Harcèlement waren duerch Leit formuléiert ginn, déi fir d'Conter Gemeng schaffen.
Nodeems et Mobbing-Reproche géint de Schäfferot vu Conter gouf, huet sech en Affekotebüro op Mandat vun der Buergermeeschtesch an de Schäffen de Reprochen ugeholl.
Dëse koum zur Conclusioun, datt näischt un de Virwërf dru wier, déi vun zwou Persoune formuléiert goufen. Wéi et an engem Schreiwes e Mëttwoch den Owend vum Conter Schäfferot heescht, wieren d'Reprochë juristesch net fondéiert, wëll kee vun de gefroten Zeien hätt kéinten d'Accusatioune confirméieren.
Ewell zanter Mëtt September hat eng extern Firma d'Accusatioune géint de Schäfferot ënnersicht. De Schäfferot mat der Buergermeeschtesch Marion Zovilé-Braquet an de Politiker Stéphanie Ansay a Jean-Pierre Schmitz seet dann och, datt ee wuel ni kéint Meenungsverschiddenheeten an Aarbechtsrelatiounen ausschléissen.