Als lescht Gemeng am Grand-Duché
Sëll huet elo 1.000 Awunner
Et gëtt elo keng Gemeng méi am Land, déi manner ewéi 1.000 Awunner huet. Sëll huet nämlech matgedeelt, datt d'Gemeng hiren dausendsten Awunner krut.
Eng Famill ass an d’Gemeng geplënnert an hire Bouf vun 3 Joer ass den 1.000 Awunner vu Sëll. Den Donnéeë vum Statec no war Sëll mat 980 Awunner um 1. Januar dëst Joer nach déi eenzeg vun den 100 Gemengen hei am Land, déi manner ewéi 1.000 Awunner hat.
Am meeschte gelies