Giischtercher missten anescht forméiert an equipéiert ginn

D'Policegewerkschaft wëll de Gefaangenentransport de Giischtercher iwwerloossen. Et gouf awer gutt Grënn, wisou si et eben net méi maachen.
D’Policegewerkschaft fuerdert, datt d’Giischtercher de Gefaangenentransport sollen iwwerhuelen. Dat ass eng Aufgab, déi d'Giischtercher an der Vergaangenheet schonn haten, seet de President vun hirer Associatioun Samir Djennas. Ma et goufen och gutt Grënn, fir deen Déngscht bei d’Police ze ginn, wéi de Gewerkschaftler erkläert.
Giischtercher misste fir Gefaangenentransport anescht forméiert an equipéiert ginn
"Mir hu keng Bewaffnung dobäi, wann iergendeppes geschitt wier. Dat heescht, mir waren einfach just nëmme mat engem Handy a mat enger Camionnette, mat engem Detenue ënnerwee. D'Police ass aneschters do opgestallt, wéi d'Madamm Niigrini och scho richteg sot. Et gëtt keng speziell Formatioun fir de Gefaangenentransport selwer. Mä d'Basisformatioun vum Giischtjen ass eng ganz aner wéi déi vun der Police. Ech mengen, déi hunn den Eildienst, d'Waffen an alles dat, wat ugeschwat ginn ass, dat ass dat, wat dann och bei eis misst kommen."
D’Politik misst do eng Decisioun huelen, wien et soll maachen an dann déi néideg Leit astellen, seet de Samir Djennas. Den Direkter vun der Prisongsverwaltung Serge Legill fënnt och, dëst wier eng Fro fir d’Justizministesch. Ma wann d’Giischtercher dës Ausgab sollten iwwerhuelen, bräichte se déi noutwenneg Formatioun, d’Material a Waffegewalt ausserhalb vum Prisong. Dat hu se den Ament alles net.