En Doneschdeg den Owend war d'Generalversammlung vum Syndicat professionnel de la force publique, kuerz SPFP.

Déi gewerkschaftlech Fräiheeten, den Transport vu Prisonéier an en eventuellen obligatoresche Militärdéngscht stoungen am Mëttelpunkt.

Generalversammlung vum SPFP / Dany Rasqué

D'Diskussioun iwwert den obligatoresche Militärdéngscht hat de Generol Steve Thull e Méindeg hei op der Antenne relancéiert. Hien hat gesot, dat géif d'Land sécher méi resilient maachen, mä et wier eng politesch Decisioun.
 
Géint en obligatoresche Militärdéngscht ass ee bei der SPFP net. Allerdéngs ënnersträicht de Syndikat, datt een déi verschidden Etappen op kee Fall soll iwwersprangen an erënnert un d'Iddi vun enger Reserve-Arméi, déi d'Arméisgewerkschaft scho wärend de Koalitiounsverhandlungen an d'Gespréich bruecht hat. Dozou sot de President vum Syndicat vun der Force Publique de Christian Schleck:

"Am Verglach zu eisen alliéierte Kolleegen, déi dëse Sujet scho vill méi aktiv uginn, sti mir nach ëmmer um Depart a waarden op en Zeechen. Deemno misst als alleréischt vun enger Reserv geschwat ginn. Militär, déi um Ënn vun hirem Déngscht ukomm sinn, kéinten zum Beispill nach bis ongeféier 45 Joer, mir leeën eis do net fest, als Reservist déngen."

Ier een vun enger Wehrflicht schwätzt fënnt de Christian Schleck, kéint een dann an enger zweeter Etapp och emol nach eng medezinesch Musterung maachen, bei dät all Bierger kéint passéieren, fir dass d'Land en Iwwerbléck hätt, wien iwwerhaapt fir en obligatoresche Militärdéngscht géif a Fro kommen. Donieft missten Infrastrukture gebaut ginn, et misst Material kaaft ginn an et misst ee sech jo och Gedanken driwwer maachen, wéi et mat Residenten ass, déi net d'Lëtzebuerger Nationalitéit hunn.

D'Vizepresidentin vum Syndikat vun der Force publique, d'Marlène Negrini, huet an hirer Ried ënnert anerem iwwert den Transport vu Prisonéier geschwat an ënnerstrach, datt d'Politik just behaapte kéint, datt deen Transport funktionéiert, well d'Police hiert Méiglechst géif maachen, datt et klappt. Op alle Fall kéint d'Situatioun net bleiwen, ewéi se ass:

"Manner Transporter a méi intelligent um Niveau vun der Sécherheet an de Polizist wär net dee besser bezuelten Taxischauffer! Zil sollt et bleiwen, datt d’Agents pénitentiaires dat iwwerhuelen, natierlech mam néidegen Zäitraum, fir d’Gesetz ze adaptéieren, an hinnen déi néideg Formatiounen ze ginn. Eng zäitno Moossnam muss et sinn, datt déi Unzuel vu Gefaangenentransporter reduzéiert gëtt."

Schliisslech wier et wärend der Covid-Zäit och méiglech gewiescht, mat Videokonferenzen ze schaffen. Da gëtt et awer nach en anere Punkt, deen dem Syndikat grouss Suerge mécht, nämlech déi gewerkschaftlech Fräiheeten:

"Leider gëtt ëmmer erëm probéiert déi Beamten, déi sech syndikalistesch engagéieren, op hirer normaler Aarbechtsplaz ënner Drock ze setzen, a si mat willkürleche Contrainten vun hirer syndikalistescher Aarbecht ofzehalen. Dat ass net iwwerall esou, mee et fält op, datt et ëmmer déi selwecht Comitésmemberen trëfft."

Rieds geet do notamment vum Generalsekretär vun der Policegewerkschaft SNPGL. D'Marlène Negrini huet ënnerstrach, datt ee weider op déi syndikalistesch Fräiheet poche géif an net wëlles hätt, sech ënnerkréien ze loossen. Dat huet och de President Christian Schleck betount, dee kritiséiert huet, datt d'Force publique kee Recht méi op Schlichtung huet. Dat wier engem Rechtsstaat net würdeg.