Den traditionellen Neijoerschinterview mam Premier
Kollektivverträg, Pensiounen, Staatsbudget – egal wéi ee Sujet, de Premier seet: Mir setzen ëm, wat am Koalitiounsaccord steet.
Ma ob dat elo heescht, datt d’CSV ënner dem Luc Frieden no riets geréckelt ass, och wirtschaftspolitesch, oder net, dozou huet de Luc Frieden net kloer Stellung geholl.
Schrumpft de soziale Flillek vun der CSV op den Éierestaatsminister Jean-Claude Juncker an de Fraktiounschef a fréiere Gewerkschaftler Marc Spautz? Wann een de Luc Frieden freet, da mengt hien en général: "D’Sozialpolitik bleift eng wesentlech Komponent vum soziale Fridde vum Wuelstand vun eisem Land."
Ma esou am Detail gesäit dat e bëssen anescht aus. Wann et ëm d’Kollektivverträg, d’Aarbechtszäitorganisatioun, d’Sonndesaarbecht an d’Ouvertureszäite geet, da wëll de Premier zwar uganks des Joers nach mat de Gewerkschafte schwätzen, déi mam Generalstreik droen. "Mee Sozialpolitik heescht net, datt een um Enn mat jidderengem muss d’accord sinn." D’Regierung géif hei de Koalitiounsaccord ëmsetzen.
Och bei der ugekënnegter Pensiounsreform leie Patronat a Gewerkschaften auserneen. De Premier seet:
"Et gëtt keen Tabu bei deenen Diskussiounen." Och op d'Studentejoren an d'Babyjoren ugeschwat, mengt de Premier, "datt mer un der Erfarung solle léieren, mee mir sollen iwwert alles kënnen diskutéieren".
Keen Tabu also fir d’Patronatsfuerderungen. Ob dat och fir d’Gewerkschaftspropose gëllt, d’Recettë vum Pensiounssystem an d’Luucht ze setzen, zum Beispill iwwer méi héich Kotisatiounen, gouf net diskutéiert. Ma déi privat Zousazrente stäerken, déi sougenannt 2. an 3. Pilieren, dat hätt d’CSV an hirem Walprogramm ugekënnegt. "Dee sougenannte Cappuccino-Modell, wou een e Grondsaz vu Kaffi huet an driwwer Schlagsan huet an driwwer Schockela, dat kann ee maachen, fir datt et de Leit am Alter besser geet."
De Premier huet d’Steiermesuren en faveur vun de Immobilieninvestisseuren a Promoteure verdeedegt. Dat obwuel de Logementsminister Claude Meisch d’Promoteure viru Kuerzem kritiséiert hat, well si hir Präisser net genuch no ënne korrigéiert hätten. An obwuel dëst Joer bis November net méi nei Wunnenge verkaaft goufen, wéi d’Joer virdrun. "D’Effeten dovun, déi spiert een eréischt an zwee dräi Joer, dat ass ganz normal." Dat dauert also nach e bëssen.
Ma huet de Luc Frieden iwwerhaapt d’Ambitioun, d’Logementskris endgülteg an de Grëff ze kréien? "Et wäert een dee Probleem ni ganz geléist kréien, dee Probleem besteet och am Ausland." Als Regierung iwwert déi bestoend Programmer eraus méi nei Wunnengen kafen, fir de Stock un ëffentleche Wunnengen ze vergréisseren, dat war fir de Luc Frieden keng Optioun. "Mir kafen net zu egal wat fir engem Präis." Dat iwwerléisst hien also de Privatleit.