
D’Pompjeeë vu Beefort an d’Ambulancieren aus der Fiels hu sech no enger Kollisioun tëscht zwee Autoen an der Grand-Rue zu Beefort ëm eng blesséiert Persoun gekëmmert.
Um 8 Auer krute sech dann tëscht der Aire de Berchem an dem Gaasperecher Kräiz op der A3 dräi Autoen ze paken. Och hei gouf eng Persoun blesséiert. D’Pompjeeë vum Réiserbann a vu Beetebuerg waren hei am Asaz grad ewéi d’Ambulanciere vun Diddeleng.
Um 10.25 Auer gouf dann eng Persoun blesséiert, wéi en Auto um Wueswee zu Réimech accidentéiert ass. D’Ambulancieren an d’Pompjeeë vun der Réimech waren op der Plaz.